Strooss vun Hormus soll protegéiert ginnGroussbritannien erlaabt den USA Notze vu Militärlager, fir Ugrëffer op iranesch Ziler

RTL Lëtzebuerg
Groussbritannien erlaabt den USA en erweidert Notze vun hire Militärlager fir Asätz an der Strooss vun Hormus – un direkten Ugrëff wëll ee sech awer weider net bedeelegen.
Bis ewell hat déi brittesch Regierung den USA just limitéiert erlaabt, hier Militärlager ze notzen.
© HENRY NICHOLLS/AFP

Medieberichter no huet Groussbritannien e Freideg zougestëmmt, datt hier Militärlager vun den USA kënne benotzt ginn, fir Ugrëffer op iranesch Ziler am Zesummenhang mat der Strooss vun Hormus ze lancéieren. Wéi d’BBC mellt, wier no enger Reunioun vun de Ministeren elo decidéiert ginn, datt d’Notze vun de Basen ausgebaut ka ginn, fir och Schëffer an der kontestéierter Mieresstrooss ze schützen.

Bis ewell hat déi brittesch Regierung et just erlaabt, datt amerikanesch Truppe brittesch Lager notzen, fir ze verhënneren, datt den Iran Rakéiten op brittesch Ziler ofschéisst.

Groussbritannien wäert sech awer net direkt un den Ugrëffer bedeelegen, wéi et vun offizieller Säit heescht, sou datt “d’Prinzippie vun der brittescher Approche zum Konflikt déi selwecht bleiwen”. Zousätzlech hätten d’Ministeren ënnerstrach, datt eng séier Deeskalatioun an eng séier Léisung vum Konflikt néideg wier.

Back to Top
CIM LOGO