De Prümer Buergermeeschter am Interview"Viele Personen fühlen sich einfach nicht mehr gehört"

Marc Hoscheid
De Johannes Reuschen wëll AfD-Wieler net vernennen. Bei der Bildung misst weider de Leeschtungsprinzip gëllen.

Behält Rheinland-Pfalz een SPD-Ministerpresident oder iwwerhëlt d’CDU d’Rudder? Déi Fro wäert e Sonndeg beäntwert ginn, well da si bei eisen däitschen Nopere Landtagswahlen. Et ass eng enk Course tëscht deenen zwou grousse Parteien, heemleche Gewënner kéint awer d’AfD ginn. De Marc Hoscheid huet am Virfeld vun de Wale mam Buergermeeschter vun der Verbandsgemeinde Prüm geschwat.

De Prümer Buergermeeschter am Interview / Reportage Marc Hoscheid

Laut der rezenter Ëmfro vum Fuerschungsinstitut INSA kéim d’CDU op 28 Prozent an d’SPD op 27 Prozent, vill méi enk kéinten déi béid Volleksparteie virun der Wal a Rheinland-Pfalz net beienee leien. Aktuell regéiert d’SPD zesumme mat deene Gréngen an der FDP, mee nom Sonndeg dierft et op eng grouss Koalitioun erauslafen. Allerdéngs stellt sech d’Fro, ob den iwwert 2 Meter groussen Alexander Schweitzer de Poste vum Ministerpresident behält oder säin Erausfuerderer vun der CDU Gordon Schnieder d’Staatskanzlei zu Mainz iwwerhuele wäert. An och wa si sécher net Deel vun der neier Landesregierung wäert ginn, dierf d’AfD sech e Sonndeg warscheinlech awer als Gewënner fillen. An der Ëmfroe vun INSA steet d’Partei bei 20 Prozent, dat wier hiert bescht Resultat bei enger Landtagswahl a Westdäitschland. De Johannes Reuschen ass de Buergermeeschter vun der Verbandsgemeinde Prüm an hie warnt virdrun, d’Wieler vun der AfD un de Pranger ze stellen.

“Mein Eindruck ist, dass sich einfach viele Personen nicht mehr gehört fühlen, von den Angeboten der Parteien, die eben neben der AfD existieren. Und was ich nicht teile ist, dass diese Menschen zusätzlich no quasi beleidigt werden. Man sagt, ihr seid blöd, ihr versteht das nicht richtig, ihr müsst einfach schlauer wählen. Das finde ich den volkommen falschen Ansatz, diese Menschen haben ja einen Grund, warum sie im Moment enttäuscht sind und warum sie Lösungen im eher schon sehr stark rechten bis rechtsradikalen Sektor suchen.”

De Johannes Reuschen ass iwwregens Member bei de “Freie Wähler”. Eent vun de groussen Themen am Walkampf ass d’Bildung, wou Rheinland-Pfalz am Verglach mat anere Bundesländer zimmlech schlecht ofschneit. De Johannes Reuschen wëll zwar net sou wäit goen, ze soen, datt den Educatiounssystem schlecht ass, mee:

“Vielleicht geht der Leistungsgedanke ein bisschen zurück, das Gefühl habe ich schon. Der letzte Coup war zu Beispiel, dass man unangekündigte Überprüfungen in der Schule abschaffen will, weil die irgendwie Stress in die Schule bringen und auch im Sportunterricht wurde der Leistungsgedanke an den Rand gedrückt und das bewegt viele Menschen.”

D’Verbandsgemeinde Prüm besteet aus der Stad Prüm an 43 weideren Ortsgemeinden. Mat 465 Quadratkilometer ass et déi flächeméisseg gréisste Verbansgemeinde a ganz Rheinland-Pfalz. Ënnert de ronn 23.500 Awunner sinn och knapp 230 Lëtzebuerger. Dacks héiert ee jo, datt d’Terrainspräisser an der Grenzregioun duerch Lëtzebuerger, déi dohi plënneren, an d’Luucht ginn. Op d’mannst zu Prüm géing sech awer een anert Bild presentéieren.

“Das spüren wir überhaupt nicht negativ, dass luxemburgische Staatsangehörige hier Immobilien kaufen und deshalb unsere Immobilienwirtschaft unter Druck gerät, das spüren wir überhaupt nicht, das ist eher eine Bereicherung. Die Preise ziehen an, das ist leider so, weil auch Neubaugebiete in der Erschließung in Deutschland sehr teuer sind und dann sind die Preise sehr teuer, deswegen hütet man sich so ein bisschen vor Neubaugebieten. Und man muss klar sagen, die Nachfrage nach Neubau ist in der ganzen Bundesrepublik komplett gesunken.”Am Walkampf spillt och d’Thema Migratioun eng wichteg Roll. An deem Kontext fënnt de Johannes Reuschen, datt d’Kontrollen un de Grenzen Däitschland éischter schueden, wéi datt se eppes bréngen.

D’Landtagswahlen a Rheinland-Pfalz si wéi gesot e Sonndeg, éischt Prognose ginn um 18 Auer presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO