Méi Asätz fir d'PoliceBei engem Abroch zu Zéisseng goufe Goldbarre geklaut

RTL Lëtzebuerg
Mat Abréch an Iwwerfäll haten d'Beamte vun der Police an de leschte Stonnen ze dinn.
Symbolbild vun engem Abriecher, deen e Goldbarre klaut.
Symbolbild vun engem Abriecher, deen e Goldbarre klaut.
© AnnaStills on Envato

En Donneschdeg géint 12.20 Auer goufen der Police zwou Persoune gemellt, déi am Garer Quartier an der Stad probéiert hunn, Parfum a Kosmetikproduiten aus engem Geschäft ze klauen. D’Informatiounen, déi d’Police krut, war, datt et sech bei den Täter ëm e Mann an eng Fra géif handelen. De Sécherheetsbeamte vum Geschäft hat si beim Klauen erwëscht. Wéi d’Beamten déi zwee presuméiert Täter duerchsicht hunn, konnte si geklaute Wueren a Boergeld sécherstellen. De Parquet huet ordonéiert, datt d’Personalien vun den zwou Persounen erfaasst ginn an datt si protokolléiert ginn.

Zu Bouneweg goufen zwou Persounen op engem Arrêt vum Tram iwwerfall. Direkt e puer Täter hu si ugeschwat an dann an eng aner Strooss gedränkt. De jonke Mann gouf du vun hinne kierperlech attackéiert an e krut seng Jackett geklaut. Dono sinn déi Verdächteg fortgelaf. Déi éischt Sich vun der Police war ouni Succès, weider Ermëttlunge lafen.

Da mellt d’Police nach verschidden Abréch, datt ënner anerem an en Eefamilljenhaus zu Sëll oder an e Méifamilljenhaus zu Zéisseng. A béide Fäll goufe Wäertgéigestänn geklaut. D’Police präziséiert dann nach, datt zu Zéisseng eng net definéiert Unzuel vu Goldbarre geklaut goufen.

Back to Top
CIM LOGO