Super Tuesday bei den US-VirwalenMéiglech Virentscheedung iwwer d'republikanesch Presidentschaftskandidatur

RTL Lëtzebuerg
Wien trëtt fir d'Republikaner bei den US-Presidentiellen am November géint den Joe Biden un? De 5. Mäerz kéint an dëser Fro eng Virentscheedung falen.
Super Tuesday
Super Tuesday

Dann ass an den USA nämlech de sougenannte “Super Tuesday” op Lëtzebuergesch also Super-Dënschdeg. Dat ass deen Dag, op deem an den USA an deene meeschte Staate Virwale sinn.

Wourëms geet et bei de Virwalen an den USA
Super Tuesday bei den US-Virwalen
Wien trëtt fir d’Republikaner bei den US-Presidentiellen am November géint den Joe Biden un. De 5. Mäerz kéint an dëser Fro eng Virentscheedung falen.

D’Geschicht vum Super Tuesday
De Begrëff Super Tuesday gëtt fir d’éischt an den 1970er Jore benotzt. Ee vun den éischte groussen Datumer an de moderne Presidentschaftswalen war de 25. Mee 1976. Op deem Dag hu 6 Bundesstaaten gläichzäiteg hir Virwalen, déi sougenannte Primaries organiséiert. An dëser Phas gëtt de Begrëff Super Tuesday och nach net eenheetlech benotzt. Deelweis war domat nämlech och de leschten Dënschdeg, op deem Virwale waren, gemengt. Dat well zu dëser Zäit d’Demokraten an d’Republikaner a wichtege Bundesstaaten ewéi Kalifornien oder New Jersey op dësem Dag decidéiert hunn, wien hire Kandidat sollt ginn.

De Super Tuesday, wéi et en haut gëtt, huet säin Ufank 1984. Bei de Virwale vun de Presidentiellen 1984 fänkt nämlech eng interessant Entwécklung un. Ëmmer méi Bundesstaaten organiséieren hir Primaries éischter am Joer, fir op dës Manéier méi Afloss op d’Wiel vun de Presidentschaftskandidaten ze hunn. Zanterdeem ass de Groussdeel vun de Virwalen an den éischte 4 Méint vum Joer an den Dag mat de meeschte Virwale fält an der Reegel op en Dag Enn Februar oder Ugangs Mäerz.

Eng weider Entwécklung, déi duerch déi éischt begrënnt ass, ass déi, dass de Super Tuesday mëttlerweil vill méi grouss ass, ewéi nach an den 1980er Joren. Wärend den 13. Mäerz 1984 an 9 Bundesstaate gläichzäiteg Virwale waren, waren et der um Super Tuesday 1988 schonn 21. 2008 hunn esouguer 24 Staaten hir Primaries op de 5. Februar geluecht, fir méiglechst fréi Kloerheet iwwer d’Kandidaten ze hunn. Well dëse Super Tuesday esou fréi war, a well bei béide Parteie ronn d’Hallschent vun den Delegéiertestëmmen um Spill stoungen, gouf dësen Datum esouguer als Super Duper Tuesday bezeechent.

De Spuer Tuesady gëllt an der Reegel als kruziale Moment vun den amerikanesche Virwalen. Als Dag, op deem Kandidaturen entgülteg begruewe ginn oder op deem et Kandidate geléngt, den Trend zu hire Gonschten ze dréien a zum quasi séchere Kandidat vun hirer Partei ze ginn. Prominent Beispill ass de Bill Clinton, dee sech den 10. Mäerz 1992 an 8 vun 11 Staaten duerchsetze konnt, nodeems hie sech virdrun nëmmen a 4 vun 13 Virwalen duerchsetze konnt.

De Super Tuesday 2024: déi allerlescht, kleng, Chance fir d’Nikki Haley

Beim Super Tuesday 2024 geet et haaptsächlech ëm d’Fro, ob d’Nikki Haley oder den Donald Trump op Säite vun de Republikaner am November géint den Joe Biden untriede wäert. De 5. Mäerz, decidéiere sech a 16 Bundesstaaten an am Territoire American Samoa d’Virwalen.

© RTL Grafik

A 14 vun dëse Virwalen geet et ëm Republikanesch Delegéierte-Stëmmen. Insgesamt geet et ëm 874 also 36 Prozent vun de republikaneschen Delegéierten.

© RTL Grafik

Trotzdeem dierft d’Nikki Haley, beschtefalls nach Aussesäiter-Chancen op déi republikanesch Kandidatur hunn. Bis ewell ka si schätzungsweis mat 24 Delegéierte-Stëmme rechnen, wärend den Donald Trump op 122 Delegéierter kënnt. Déi bescht Scoren, trauen Experten hir um Super Tuesday a Virginia, Vermont a Massachusetts zou. An dëse Staate, kéint si sech jeeweils ronn 40 Prozent vun den Delegéierte sécheren. Mat enger Victoire vum Haley rechnen d’Experten allerdéngs néierens.

Ob dem Donald Trump seng lescht d’Konkurrentin sech hir Minimal-Chance op déi republikanesch Kandidatur behale kann, dierft da kloer sinn, wann alleguer d’Stëmme vun de Virwale vum Super Tuesday ausgezielt sinn.

Back to Top
CIM LOGO