
De responsabele Generol vun der Arméi Juan José Zúñiga ass an der Tëschenzäit festgeholl ginn. Et waren och Biller opgedaucht, déi gewisen hunn, wéi e gepanzerte Won eng metallen Dier vum Presidentepalais opgebrach huet, andeem e widder dës gefuer ass.
Kuerz drop soll dann och de Zúñiga, an d’Gebai eragaange sinn. Virun der Press sot hien, säin Zil wier et, d’Demokratie am Land “ëmzestrukturéieren”, sou AFP.
Op der Tëlee hat sech den aktuelle Staatschef Luis Arce aus dem Presidentepalais gemellt, a gesot, dass een net kéint zouloossen, “dass d’Putsch-Versich nees bolivianesch Mënscheliewe kaschten”. Den Arce huet de Zúñiga entlooss an eng nei Militärféierung vereedegt. Brisant ass, datt de Zúñiga virun der Press, kuerz viru senger Festnam behaapt huet, hien hätt op Uerder vum Arce gehandelt, deen e Putsch inzenéiere wollt, fir mat engem haarden Duerchgräife seng Ëmfrowäerter ze verbesseren.
Eng Rei südamerikanesch Länner hunn de Putschversuch verurteelt, dorënner Brasilien, Mexiko, Chile, Ecuador, Peru a Kolumbien. Och d’USA hunn zu Rou opgeruff an ugekënnegt, datt een d’Situatioun ganz genee observéiere wäert.
A Bolivien war schonn en Dënschdeg iwwert eng Ofsetzung vum Arméi-Chef Zúñiga, deen zënter 2022 op deem Poste war, spekuléiert ginn. De Generol hat am Virfeld annoncéiert, hie géif de fréiere bolivianesche President Evo Morales festhuelen, sollt dësen drop bestoen, bei de Presidentschaftswalen am Joer 2025 ze kandidéieren.
De Morales war vun 2006-2019 President a Bolivien an huet wéinst Massendemonstratioune missten zerécktrieden, nodeems Reprochë vu Walbedruch opkomm sinn. Hien ass aus dem Land geflücht, koum dunn awer 2020 zeréck. Enn Dezember 2023 gouf hie vun der Wal ausgeschloss. Den Evo Morales gëllt als laangjärege Matstreider a Mentor vum Luis Arce, béid hu sech mëttlerweil awer zerstridden a liwwere sech e Muechtkampf bannent der Regierungspartei MAS.