
Dat nodeems d’Diskussiounen iwwert en neit Europäescht Asylrecht sech bal 10 Joer gezunn hunn.
De Pak aus 10 Gesetzestexter, op deen d’EU-Staate sech verstännegt hunn, gesäit eng däitlech Verschäerfung vun den Asyl-Demarchë vir. Iwwerdeems solle Länner ewéi Griicheland an Italien, an deenen de Gros vun de Migranten ukënnt, entlaascht ginn. Dofir ass e Mechanismus fir d’Ëmverdeelung vun de Migranten an der Unioun virgesinn, un deen d’Länner sech hale mussen.
Iwwerdeems erméiglecht den neien Asyl-pak déi ëmstridden Asyl-Demarchen un den EU-Baussegrenzen. Migranten, déi nëmmen eng geréng Chance op Asyl hunn, sollen a spezielle Lageren op der Baussegrenz vun der Unioun ënnerbruecht an am Fall, wou hir Demandë refuséiert ginn, vun do aus expulséiert ginn. Dat soll och fir Famille mat Kanner gëllen.
Ausserdeem kënnen d’Memberstaate Migranten an Zukunft a sougenannte sécher Drëttlänner expulséieren, wou si dann eng Demande op Asyl maache mussen. Dofir mussen d’Migranten eng Relatioun zum Land hunn. Zum Beispill well se do Famill hunn.
De sougenannte Ruanda-Modell, wéi e vun der brittescher Regierung decidéiert gouf, wäert mam neien EU-Asyl-Pak allerdéngs net méiglech ginn. Groussbritannien wäert jo vum Summer un, alleguer d’Leit, déi illegal an d’Land areesen, a Ruanda expulséieren. London hat dofir en Ofkommes mam ostafrikanesche Land geschloss.
Fir dass déi nei Europäesch Asyl-Reegelen a Kraaft trieden, musse se nach am Memorial vun der EU verëffentlecht ginn. Duerno hunn d’Memberlänner zwee Joer Zäit, fir se op nationalem Niveau gesetzlech ëmzesetzen.