D'Ukrain melltNéng Doudesaffer a Feier a Kathedral zu Kiew duerch russesch Ugrëff

AFP, iwwersat vun RTL
Bei russeschen Ugrëff op d'Stad Charkiw am Nordoste vun der Ukrain sinn dem ukraineschen Inneminister Ihor Klymenko no fënnef Secouristen ëm d'Liewe komm.
Bei russischen Angriffen auf die Stadt Charkiw im Nordosten der Ukraine sind ukrainischen Angaben zufolge fünf Rettungsarbeiter getötet worden. In Kiew wurde die Mariä-Entschlafens-Kathedrale durch russische Angriffe in Brand gesteckt.
Wärend zu Charkiw fënnef Secouriste bei engem russeschen Ugrëff ëm d'Liewe koumen, huet zu Kiew eng Kathedral gebrannt.
© AFP

Op d'mannst néng weider Mënsche wiere beim Ugrëff op Charkiw blesséiert ginn, huet de Klymenko e Méindeg op Telegram erkläert. D'Secouriste wiere wärend Läschaarbechten ugegraff ginn. Virdrun hat de Regionalgouverneur vu Charkiw, den Oleh Synehubow, erkläert, bei russesche Rakéitenugrëff wieren zwou Persoune schwéier blesséiert ginn.

Och an aneren Deeler vun der Ukrain gouf et russesch Attacken. An der Haaptstad Kiew huet ee Reporter der Noriichtenagence AFP schro Rakéitenattacke gemellt. Hei si véier Mënschen ëm d'Liewe komm. De Buergermeeschter vu Kiew, de Vitali Klitschko, huet op Telegram matgedeelt, datt eng Rei Quartiere vun der Stad getraff gi wieren. De Chef vun der stättescher Militärverwaltung, den Tymur Tkatschenko, huet bei den Ugrëff sechs Blesséierter gemellt.

Méi spéit huet de Klitschko op Telegram matgedeelt, d'"Maria-Entschlafens-Kathedral" am Beräich vum Kiewer Höle-Klouschter wier bei russeschen Ugrëff a Brand geroden. Den Daach vun der Kathedral, déi zum Unesco-Weltkulturierwen gehéiert, géif brennen, esou de Klitschko.

An der ostukrainescher Stad Dnipro gouf eng Persoun blesséiert, wéi den Uféierer vun der regionaler Militärverwaltung Oleksandr Ganscha matgedeelt huet.

D'russesch Autoritéiten hunn iwwerdeems och ukrainesch Ugrëff gemellt. An der Stad Tula, ronn 200 Kilometer südlech vu Moskau, koumen dem russesche Generalgouverneur Dmitri Miljaew no dräi Mënsche bei engem Dronenugrëff aus der Ukrain ëm d'Liewen. Dräi weider Persounen, dorënner ee Kand vun engem Joer, wiere beim Ugrëff op ee Wunngebitt blesséiert ginn.

Moskau a Kiew haten an de leschte Méint géigesäiteg Ugrëff verstäerkt. D'Beméiungen ëm een Enn vum Krich, dee schonn zanter iwwer véier Joer undauert, ginn net virun.

Back to Top
CIM LOGO