ASEAN-SommetTrump ënner Protester zu Manila gelant, Treffe mat Xi a Putin ugesat

RTL mat AFP
Den US-President ass am Kader vum ASEAN-Sommet zu Manila gelant. An der philippinnescher Haaptstad gouf wéinst engem groussen US-Projet op de Philippinnen géint den Trump protestéiert.
ASEAN-Sommet: Trump ënner Protester zu Manila gelant
Den US-President ass am Kader vum ASEAN-Sommet zu Manila gelant. Wéinst engem groussen US-Projet op de Philippinnen gouf géint den Trump protestéiert

Den US-President Donald Trump ass en Dënschdegowend Lokalzäit an der philippinnescher Haaptstad Manila gelant, wou en ënner anerem op d'Staats- a Regierungscheffe vun Indien, Japan an Australien treffe wäert, éier en en Donneschdeg a China un engem Sommet mam chineeseschen Amtskolleeg Xi Jinping an dem russesche President Wladimir Putin deelhëlt.

Dausende vun Demonstranten, déi vu ville Policepatrullen ëmzéngelt waren, hu sech an der philippinnescher Haaptstad versammelt, fir géint d'Visitt vum Trump ze protestéieren. Dobäi gouf sech virun allem géint de grousse geplangten US-Projet fir d'Extraktioun vun Terres rares gestallt.

Den Trump ass am Kader vum Sommet mat den eelef Länner vun der südostasiatescher Vereenegung (ASEAN) op Manila gereest. Hie wäert dobäi och Geleeënheeten hunn, sech an deem Kader mam indesche Premier Narendra Modi, der japanescher Premierministerin Sanae Takaichi an dem australesche Premier Anthony Albanese ze treffen. Et ass den éischte Rendez-vous zanter senger zweeter Amtszäit. Duerno geet et da weider op Shenzhen am Süde vu China, wou en Donneschdeg en trilateraalt Gespréich mam Xi a Putin geplangt ass.

Des policiers en position alors que des manifestants se rassemblent lors du 49e sommet de l’Association des nations de l’Asie du Sud-Est (Asean), le 17 novembre 2026 à Manille, aux Philippines
Des policiers en position alors que des manifestants se rassemblent lors du 49e sommet de l’Association des nations de l’Asie du Sud-Est (Asean), le 17 novembre 2026 à Manille, aux Philippines
© AFP

"Dat kéint als e Mëttel ugesi ginn, den Trump viru Kritiker ze schützen, déi him reprochéiere géifen, zu Shenzhen autoritäre Staatscheffe wéi dem Xi an dem Putin nozeginn", mengt den US-Politikwëssenschaftler Ryan Hass vunu der Brookings Institution am Gespréich mat der AFP.

No den Donnéeë vun Tokio wäerte sech d'Gespréicher vun de sougenannte Quad-Staaten (USA, Japan, Australien, Indien) virun allem op dat Südchineesescht Mier an dat Japanescht Mier konzentréieren, de Gebitter, an deenen déi territorial Ambitioune vu China den uleiende Staate Suerge maachen.

Chippen an Terres rares

D'Visitt vum Trump ass donieft och am Kontext mat der Annonce vu Washington, datt eng Rei vu Moossname ergraff géifen, fir China den Zougang zu US-amerikaneschen Chippen iwwer Drëttlänner ze blockéieren.

Véier ASEAN-Länner, Singapur, Indonesien, Malaysia an Thailand, déi ënner Verdacht stinn, dës Chippe weidergeleet ze hunn, si vun den neien US-Moossname betraff. Singapur, dat d'nächst Joer de Virsëtz vun der regionaler Vereenegung iwwerhuele wäert, huet schonn en Dënschdeg betount, e "sécheren Accès" zu dësen Chippen oprechterhalen ze wëllen, déi fir d'Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz wichteg ass. Och Indonesien huet en Dënschdeg erkläert, "déi méiglech Auswierkungen" vun den US-Moossnamen ze préiwen.

Des manifestants assis à côté d’une effigie du président américain Donald Trump lors du 49e sommet de l’Association des nations de l’Asie du Sud-Est (Asean), le 17 novembre 2026 à Manille, aux Philippines
Des manifestants assis à côté d’une effigie du président américain Donald Trump lors du 49e sommet de l’Association des nations de l’Asie du Sud-Est (Asean), le 17 novembre 2026 à Manille, aux Philippines
© AFP

D'Demonstranten, déi sech en Dënschdeg zu Manila géint d'Visitt vum Donald Trump versammelt haten, hu bei hire Protester haaptsächlech d'Gefor virun enger Zwangsëmsiidlung vun indigeene Familljen op deem 1.620 Hektar groussen Terrain ugeschwat, déi fir de Projet "Pax Silica" nërdlech vu Manila virgesinn ass.

"Mir fuerderen d'Astellung vu Pax Silica an d'Erhale vum Land vun de Philippinner", huet eng 21 Joer al Demonstrantin um Mikro vun der AFP erkläert. Den Trump wäert e Mëttwoch de Moie säin Amtskolleeg Ferdinand Marcos gesinn, éier et dann op Shenzhen weider geet.

Manifestation à Manille lors du 49e sommet de l’Association des nations de l’Asie du Sud-Est (Asean), le 17 novembre 2026 aux Philippines
Manifestation à Manille lors du 49e sommet de l’Association des nations de l’Asie du Sud-Est (Asean), le 17 novembre 2026 aux Philippines
© AFP

Back to Top
CIM LOGO