
Wéi d’DPA mellt, hätt den Orban seng Rees op München kuerzfristeg ofgesot, wuel wéinst der Kritik vun der Stad géigeniwwer senger Politik. D’Stad München hat eng Demande gemaach, de Stadion wärend dem Match an de Reeboufaarwen ze beliichten, a Solidaritéit mat der LGBT-Communautéit an Ungarn, d’Uefa huet dat allerdéngs refuséiert.
Den däitschen Ausseminister Heiko Maas huet e Mëttwoch op Twitter geschriwwen, d’Uefa hätt dat falscht Signal geschéckt mat hirer Decisioun. Um Futtballterrain géing et net ëm Politik goen, dat wier richteg, ma et géing ëm Mënschen, ëm Fairness an Toleranz goen.

Ursula von der Leyen: “Gesetz iwwer Homo- an Transsexualitéit ass eng Schan”