Zu Metz huet d'Demonstratioun um 14 Auer op der Place de la Gare ugefaangen. Ugangs ware just eng puer Honnert Demonstranten do. Ma déi Zuel ass séier op ronn 2.500 geklommen. De Cortège ass vun der Gare bis bei d'Universitéit gaangen.
Et waren och net just Schülerinnen a Schüler do, mee och Elterevertriedungen, Proffegewerkschaften an och aner Gewerkschaften wéi d'Force Ouvrière, d'CGT oder och nach Vertrieder vun de Renault-Wierker.
De Protest ass zu Metz éischter friddlech iwwer d'Bün gaangen. Ausernanersetzunge mat der Police huet eis Ekipp op der Plaz net gesinn. Dat war allerdéngs an anere Stied anescht, notamment zu Nanzeg oder och nach zu Paräis, wou Tréinegas agesat ginn ass.
Ee wichtege Facteur bei dëse Protester ass dee vun der sozialer Gerechtegkeet. D'Bildung sollt ee Moyen sinn, fir sech een anstännegt Liewen opzebauen, ma wa Proffen an Infrastrukturen a sozial schwaache Géigende feelen, dann ass dat schwéier, esou op mannst de Constat vun den Demonstranten.
De Reportage am Bild gëtt et den Owend am Journal op der Tëlee.
Op de soziale Medien ass iwwerdeems e Video zirkuléiert, op deem e Polizist e mannerjäregt Meedche festgeholl an dobäi net appropriéiert soll ugepak hunn. Doropshi gouf d'Inspection générale de la police nationale (IGPN) saiséiert.