Observateure mellenProtestwell am Iran huet sech duerch Ënnerdréckung berouegt

AFP
Nodeems déi gréisste regierungskritesch Demonstratiounen zanter Joren am Iran brutal niddergeschloe goufen, sinn déi landeswäit Demonstratioune géint de Regimm fir d'éischt emol méi schwaach ginn, mellen Observateuren.
Nach der brutalen Niederschlagung der seit Jahren größten regierungskritischen Demonstrationen im Iran sind die landesweiten Proteste gegen die klerikale Führung Beobachtern zufolge vorerst abgeebbt.
No der brutaler Ënnerdréckung vun de Protester uet sech d’Situatioun am Iran fir d’éischt emol berouegt.
© AFP

Grond dofir wier warscheinlech “d’Ënnerdréckung vun der Protestbeweegung” duerch d’Autoritéiten, huet déi onofhängeg Fuerschungsorganisatioun “Institute for the Study of War” (ISW) mat Sëtz an den USA e Freideg matgedeelt.

“Déi grouss ugeluechte Mobiliséierung vun de Sécherheetsforcen duerch de Regimm ass allerdéngs net nohalteg”, huet den ISW weider erkläert. Et wier dowéinst méiglech, “datt d’Protester nees opgeholl ginn.”

Der Mënscherechtsorganisatioun Iran Human Rights (IHR) mat Sëtz an Norwegen no goufen 3.428 Demonstranten noweislech vun de Sécherheesforcen ëmbruecht an iwwer 10.000 anerer festgeholl. Dat kéint dem IHR no allerdéngs just de Brochdeel vun der tatsächlecher Afferzuel sinn.

Iranesch Sécherheetsleit hunn e Freideg vu ronn 3.000 Festname bei de Protester geschwat, wéi d’Noriichtenagence Tasnim gemellt huet. Dorënner wieren “arméiert Leit a Sträitmécher” a “Membere vun terroristeschen Organisatiounen”.

Dem IHR-Direkter Mahmud Amiry-Moghaddam no hunn d’Autoritéiten am Iran ënnert dem reliéise Chef Ayatollah Ali Chamenei, deen zanter 1989 um Pouvoir ass, “eent vun de schwéierste Verbrieche vun eiser Zäit” begaangen. De Chef vun der Mënscherechtsorganisatioun huet ënnert anerem op “erschreckend Aenzeieberichter” verwisen, déi der Organisatioun géife virleien. Deemno wieren “Demonstrante bei Fluchtversich erschoss” ginn, et wieren “militäresch Waffen agesat a blesséiert Demonstranten op oppener Strooss higeriicht” ginn.

D’Lama Fakih vun der Organisatioun Human Rights Watch huet d’Doudeszuelen, déi zanter der leschter Woch registréiert goufen “an dësem Land beispillos” genannt. D’Internetspär, déi zanter méi wéi enger Woch gëllt, féiert Aktivisten no dozou, datt de ganzen Ausmooss vun de Gewaltdoten net bekannt gëtt. Der Organisatioun Netblocks no dauert d’Internetspär elo schonn iwwer 180 Stonnen, an domat méi laang, wéi eng änlech Mesure wärend de Protester am Joer 2019.

Trotzdeem sinn och ausserhalb vum Iran nees Opnamen aus dem Land opgedaucht, déi Hiweiser op d’Gewalt ginn. Ee Video, deen Online verbreet gouf, weist d’Begriefnes vun dengem erschossenen Demonstrant zu Abdanan an der westislamescher Provënz Ilam. Leit ruffen “Doud fir Chamenei” an “Dëst Joer gëtt de Chamenei gestierzt”. D’Noriichtenagence AFP konnt d’Plaz vun der Opam verifizéieren, awer net den Datum.

Op aneren Opname vum Héichpunkt vun de Protester, déi vun der AFP verifizéiert goufen, sinn eng sëllege Läichen ze gesinn, déi opgereit zu Kahrisak südlech vun Teheran leien, wärend verzweiwelt Familljememberen no hire Léiwste sichen.

Der oppositioneller Exil-Iranerin Masih Alinedschad no sinn “all Iraner vereent” géint de klerikale System am Iran. “Milliounen Iraner sinn op d’Stroosse gestiermt an hu gefuerdert, datt hir Suen net méi geklaut ginn an un d’Hamas, d’Hisbollah oder d’Huthi-Kämpfer geschéckt ginn”, sot d’Journalistin, déi an den USA lieft, en Donneschdeg den Owend bei enger Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot zu New York.

D’Iraner haten d’Offer vun der Hëllef vum US-President Trump begréisst, “onbewaffnet Mënschen ze retten, déi vun de Sécherheetsforcen am Iran an hiert Häerz an an hir Broscht geschoss kruten”.

D’Protester am Iran haten Enn Dezember ugefaangen. Ausgebrach si si fir d’éischt wéinst der schlechter Wirtschaftssituatioun, hu sech dunn awer virun allem géint déi reliéis a politesch Féierung vun der Islamescher Republik geriicht, déi zanter 1979 existéiert.

Back to Top
CIM LOGO