EKABE-Bauere brauche wuel ee laangen OtemD'Molkerei Arla zéckt, fir déi 68 Mëllechbetriber séier opzehuelen

Marc Hoscheid
De Grond wier manner, datt d'Quantitéit vun der zousätzlecher Mëllech ze héich wier, mee datt ee fir d'éischt no den aktuelle Membere vun der Genossenschaft kuckt.
EKABE-Bauere brauche wuel ee laangen Otem fir nei Molkerei ze fannen
D'Molkerei Arla zéckt, fir déi 68 Mëllechbetriber séier opzehuelen. Et misst ee fir d'éischt no den aktuelle Membere vun der Genossenschaft kucken.

Wéi geet et fir déi 68 Lëtzebuerger Bauerebetriber virun, déi hir Mëllech nach un d'EKABE liwweren? Well de Grupp Lactalis, zu deem d'EKABE gehéiert, vum 1. Abrëll 2027 u keng Lëtzebuerger Mëllech méi unhëlt, probéieren d'Membere vun der Genossenschaft Prolek elo, eng aner Molkerei ze fannen. Déi Sich dierft awer länger daueren, wann ee sech am Secteur ëmhéiert. Et gëtt iwwerdeems Stëmmen, déi déi aktuell Situatioun als Chance gesinn, fir de System usech a Fro ze stellen.

EKABE-Bauere brauche wuel ee laangen Otem / Marc Hoscheid

Luxlait, Hochwald an Arla, fréier Muh, déi dräi Nimm falen ëmmer erëm, wann doriwwer geschwat gëtt, wien déi 68 Mëllechbauere vun der EKABE iwwerhuele kéint. Vun der Luxlait ass ze héieren, dat et wéinst der Quantitéit vu ronn 50 Millioune Liter Mëllech d'Joer schwiereg dierft ginn, ëmmerhi muss een d'Produiten och verkaaft kréien. Bei der Arla, där hire gréisste Site zu Pronsfeld an der Äifel ass, ass dat manner ee Problem, ëmmerhin huet d'Genossenschaft eng 11.200 Memberen, déi all Joer ee "Mëllechpool" vun 19,4 Milliarde Kilo produzéieren. Dat heescht awer net, datt elo séier mat enger Decisioun ze rechnen ass, wéi de President vun de Lëtzebuerger Arla-Baueren Alain Schaack erkläert:

"Sou brauch een einfach eng gewësse Struktur oder eng gewëssen Zäit, fir Strukturen zesummen ze fügen. An dat ass dat, wat een och hei muss kucken. Bis zu deem Moment, wou mer soen: 'Jo ok, komm mir schafe vläicht eppes zesummen.' Dat geet relativ kuerzfristeg, innerhalb vun engem hallwe Joer gesäit een da schonn, wou d'Richtung higeet. Awer bis dat alles integréiert ass an dat alles leeft, ginn dat scho längerfristeg Saachen, iwwert ee Joer, minimum, déi ee sech do muss Zäit loossen."

Well een eng Genossenschaft ass, géing ee fir d'éischt kucken, datt déi aktuell Memberen net ze kuerz kommen, dowéinst géing een d'Ophuele vun neie Memberen net iwwerstierzen.

Lactalis huet annoncéiert, datt een an Zukunft a Frankräich manner Mëllech asammele wëllt. Am Moment wier der einfach ze vill um Marché, wat zu engem niddrege Präis féiere géing. Zu Lëtzebuerg louch deen am Abrëll zum Beispill bei ronn 40 Cent pro Liter. Den Alain Schaack fënnt iwwerdeems net, datt ze vill Mëllech um Marché ass, an dat géing een och bei Lactalis a Wierklechkeet net sou gesinn:

"D'Mëllech ass ee Produkt, dat all Dag gebraucht gëtt a wou nach all Joer ee Wuesstem tëscht 1 an 2 Prozent global gesinn dran ass. Mee ganz kloer gesinn déi d'Zukunft net méi an Zentral- a Mëtteleuropa a mir als Genossenschaft, well mir hei verankert sinn an hei eis Mitglieder sëtzen hunn, si mir verantwortlech fir eis Mitglieder hei an Zentraleuropa, dofir wäerte mir de Standort Zentraleuopa net verloossen, well mir d'Mëllech einfach och brauchen. Lactalis bleift weider an der Mëllech ënnerwee, awer geet se sech op aner Plaze bezéien, wou ee vläicht mat manner Oplagen - oder wat seng Ursaachen och ëmmer sinn - de Rostoff Mëllech ka kréien."

Dat wier zum Beispill an Australien de Fall oder och an Osteuropa, notamment an der Ukrain.

Et gëtt dann och Stëmmen, déi dee globale Konkurrenzkampf an d'Wuesstemslogik a Fro stellen, zum Beispill de Raymond Aendekerk, ee vun de Matgrënner a Spriecher vun der Plattform "Meng Landwirtschaft", déi eng Partie ONGe regruppéiert. D'Alternativ zum aktuelle System wier:

"Datt een dorops hischafft, datt een ee staarke Reseau vu Konsumente mécht an der Regioun. Do maache mir als Lëtzebuerg jo och munches, mir hunn eis Leader-Projeten, mir hunn eis Lëtzebuerger Marken, eis Luxlait, wann ech se sou kann nennen, als grouss Genossenschaft. Do gëtt jo vill probéiert, mat deem Regionalen ze schaffen an dat ass u sech fir mech eng Léisung, fir sou vill wéi méiglech iwwert dee Maart ofzesetzen. An datt do d'Konsumenten och solidaresch sinn an hannerfroen: 'wat spillt da lo an deem Ganzen?'."

Elo géingen d'Lëtzebuerger Bauere leiden, ma am Normalfall wieren et d'Baueren aus dem globale Süden, dat géing an Europa just keen interesséieren.

Och den Alain Schaack fënnt, datt een de System u sech duerchaus hannerfroe kann. E kéint awer net eleng vu Lëtzebuerg a warscheinlech Mol net vun Europa aus verännert ginn.

Back to Top
CIM LOGO