
D’Mënscherechtsorganisatioun geet esou wäit, datt si den USA a Groussbritannien Verbrieche géint d’Mënschlechkeet virwërft. Am Rapport, deen e Mëttwoch presentéiert gouf, kënnt d’ONG zur Konklusioun, datt déi “rassistesch Poursuitte” vun de Leit, an datt d’USA a Groussbritannien si och dono net méi zeréck an hir Heemecht gelooss hunn, e “fortgesat koloniaalt Verbriechen” duerstellt.
Human Rights Watch huet dräi Verbrieche géint d’Mënschlechkeet festgestallt, ee koloniaalt Verbrieche vun Zwangsëmsiidlung, d’Blockéiere vum Zeréckkommen an hir Heemecht an d’Poursuitte aus ethnesche Grënn. Fir de Rapport huet d’Mënscherechtsorganisatioun eng jett Dokumenter analyséiert an Dosende Leit befrot, dorënner fréier Awunner vun de Chagos-Inselen, ma och Beamten aus Groussbritannien, den USA a Mauritius.
“Dat Vereente Kinnekräich mécht haut nach e koloniaalt Verbriechen, andeem et all d’Chagossianer als e Vollek ouni Rechter behandelt”, esou ee vun den Auteure vum Rapport, deen iwwer 106 Säite laang ass. Béid Länner sollten de fréiere Bewunner vun dësen Inselen eng Entschiedegung ausbezuelen a si nees zeréck an hir Heemecht loossen. De britteschen Ausseministère huet dës Fuerderungen zeréckgewisen, aus den USA gouf et bis ewell nach keng Reaktioun.
D’Inselgrupp gehéiert zu der fréierer brittescher Kolonie Mauritius. 1965 huet Groussbritannien decidéiert, den Archipel vu Mauritius administrativ ofzetrennen an ënner enger brittescher Verwaltung ze loossen, éier ee Mauritius 1968 als Onofhängeg ugesinn huet. Tëscht 1968 an 1973 haten d’Britten dowéinst bal 2.000 Awunner vun der Inselgrupp a Groussbritannien, Mauritius an op d’Seychellen zwangsëmgesidelt, fir Plaz fir eng grouss Militärbase ze maachen, déi een zesumme mat den USA bedreift.
2019 hat d’UNO Groussbritannien opgefuerdert, fir d’Chagos-Inselen u Mauritius ofzeginn. London hätt missten innerhalb vu sechs Méint “seng kolonial Verwaltung” vun der Insel ofzéien. Deem koum Groussbritannien awer net no.
Am November 2022 huet d’Regierung zu London du matgedeelt, datt ee bereet wier, fir driwwer ze schwätzen, op d’Inselgrupp eegestänneg sollt ginn. Leschte Mount huet een dunn och wéinst deem Thema Mauritius kontaktéiert. Béid Länner hätte sech schonn drop gëeenegt, datt d’Militärbase op der Haaptinsel Diego Garcia géif bestoe bleiwen, egal wéi d’Gespréicher géifen ausgoen.
Iwwert den Ëmgank mat der indigeener Populatioun vun de Chagos-Insele gëtt et och een Dokumentarfilm mam Numm “Absolutely Must Go” vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma “wady films”.