
Wärend sech d'Situatioun op der Hallefinsel Ceuta no der Arrivée vun zéngdausende Migrante lues normaliséiert, weisen déi dramatesch Zeenen an der spuenescher Exklav déi enorm grouss Grief an der Migratiounspolitik vun der EU an den eenzele Memberlänner. Déi grouss Majoritéit vun de Memberstaaten huet e Samschdeg eng Drénglechkeetssëtzung vun den Inneminister per Videokonferenz gefuerdert, fir "onkontrolléiert Grenziwwergäng vu grousse Gruppen" an Zukunft ze verhënneren. De spuenesche Regierungschef Pedro Sanchez huet verschiddenen EU-Länner eng "egoistesch" Reaktioun, déi och nach géint d'Gesetzer verstéisst, virgeworf.
An engem Schreiwes vun 22 vun de 27 EU-Staats-a-Regierungscheffen heescht et, datt déi jéngst Evenementer op der spuenescher Exklav an Nordafrika eng "direkt a koordinéiert europäesch Äntwert" erfuerderen. Et dierft net zougelooss ginn, "datt onkontrolléiert Grenziwwergäng vun Masse vu Leit d'Instrumentaliséierung vu Migratioun oder eng hybrid Menacen den Androck hannerléisst, et wier méiglech, illegal an d'Europäesch Unioun anzereesen".
Weider dierft net zougelooss ginn, "datt eng illegal Arees dono an e legalen Openthalt iwwergoe kann", heescht et am Schreiwes, wat och vum däitsche Bundeskanzler ënnerschriwwe gouf. De Bréif gouf un d'Ire geschéckt, déi jo aktuell d'Presidence vum EU-Rot hunn, un de Rotspresident Antonio Costa an un d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.
D'von der Leyen huet de Virstouss begréisst. Et misst e Prozess ageleet ginn, "fir eis europäesch Widderstandsfäegkeet ze stäerken", huet si erkläert. Weider huet si wéi och déi spuenesch Regierung drop verwisen, datt "keng eenzeg Persoun dat spuenescht Festland oder déi aner Deeler vun der EU erreecht huet".
Initiéiert gouf de Bréif vun der rietsgeriichter italieenescher Ministerpresidentin Georgia Meloni an hirer dänescher Kolleegin Mette Frederiksen. Schweden a Polen hunn och ënnerschriwwen, déi zwee Nopeschlänner vu Spuenien, also Frankräich a Portugal, awer net.
Op X hat d'Meloni geschriwwen, datt déi italieenesch Linn vun "enger ëmmer méi grousser Zuel" vun den europäesche Länner géif gedeelt ginn. En Donneschdeg hat d'Meloni en Aussetze vun de Schenge-Reegele fir Spuenien an d'Gespréich bruecht. Ënnerstëtzt gouf si dobäi vu Finnland an Dänemark. Italien huet fir den nächste Mount dann nees Kontrollen am Schëffs- a Fluchverkéier mat Spuenien agefouert.
Aner Téin koumen dann awer aus Frankräich. "Spuenien muss de Schengenraum net verloossen", sot den Inneminister Laurent Nunez. D'Zesummenaarbecht mam Land wier "groussaarteg". Madrid bezeechent d'Menace vun anere Länner, fir Spuenien aus dem Schengenraum auszeschléissen, als "demagogesch". D'Juristen, bei deenen d'AFP nogefrot huet, hunn erkläert, datt esou eng Mesure dem aktuellem EU-Recht no net méiglech wier. Fir Ceuta gëllt déi fräi Beweegung, wéi se soss am Schengen-Raum gëllt, net.
De spuenesche Regierungschef Sanchez huet sengersäits e Spezialsommet vun den Inneminister gefuerdert, fir iwwer d'Kritik u sengem Land, wéi ee mat der Situatioun op Ceuta ëmgaangen ass, ze beschwätzen. An engem Bréif un d'Cheffe vun den europäeschen Institutiounen huet de Sozialist geschriwwen, datt am "aktuellen internationale Kontext" sech d'EU eng "egoistesch Reaktioun, déi géint d'Gesetz verstéisst an d'EU auserneen dreift", net kéint leeschten.
Basis vum Sträit ass eben déi aktuell Situatioun op Ceuta, ma dem spueneschen Inneministère no si bal all d'Migranten, déi op Ceuta ukoumen, nees zeréck a Marokko gaangen. Et wier een um Wee an d'Normalitéit, heescht et vum Inneminister Grande-Marlaska. D'Awunner vu Ceuta "kënne spadséiere an akafe goen, d'Geschäfter hätten nees all op". Den Inneminister huet awer och agestanen, datt "dës Kris nach net eriwwer ass".
Reporter vun der AFP konnte gesinn, wéi gréisstendeels jonk Migranten e Samschdeg de Moien iwwert d'Grenz zeréck an de Marokko gaange sinn. Aus de Kreesser vun de marokkaneschen Autoritéiten heescht et, datt d'Grenz zu Fnideq, wat direkt u Ceuta läit, elo "komplett geséchert" wier. Dem spueneschen Inneministère no goufen am Mier viru Ceuta eng Barrière vu ronn 500 Meter geluecht.
Wat genee den Undrang vun de Migranten ausgeléist huet, ass nach ëmmer net kloer. Déi marokkanesch Autoritéite ginn dozou keng offiziell Erklärung of. De Sanchez huet "d'Schleisermafia" dofir responsabel gemaach, déi Gerüchter verbreet hunn, datt d'Grenz zu Ceuta op wier.
Den däitschen Europapolitiekr Manfred Weber huet gefuerdert, datt d'Grenz duerch d'Frontex, also d'Grenzschutzagence vun der EU, sollt gestäerkt ginn. Hie kann net verstoen, wisou Spuenien op där Plaz keng Hëllef vun der EU wëll. Och d'Vizepresidentin vum EU-Parlament Katarina Barley huet Spuenien opgefuerdert, fir Hëllef vun der EU unzehuelen. D'Europäesch Unioun soll elo "zesummen un der Säit vu Spuenien stoen", sot si de Zeitunge vun der Funke-Mediengruppe.
En Dënschdeg gesi sech d'Inneminister vun den EU-Memberstaate fir e Spezialsommet, dat huet déi iresch Rotspresidence confirméiert. D'Minister wäerte sech via Videoconference gesinn.