
Zu Paräis gëtt et e Skandal wéinst Iwwergrëffer duerch Moniteuren am ausserschoulesche Beräich. Zanter ugangs dës Joers huet d'Stad dowéinst 132 Persoune vun hire Flichte suspendéiert, dovunner 52 wéinst dem Verdacht op sexuell oder sexistesch Gewalt. Dat huet de Buergermeeschter Emmanuel Grégoire en Dënschdeg um Bord vun enger Visite vun enger Schoul am Nordweste vu Paräis matgedeelt.
De Grégoire huet ausserdeem annoncéiert, dass eng onofhängeg Enquêtëkommissioun soll gegrënnt ginn, déi d'Affär soll ënnersichen. De Virsätz soll de fréiere Jugendriichter Antoine Garapo hunn, dee "fräi Hand" soll hunn, wann et ëm d'Formuléiere vu Recommandatiounen an d'Analys vun deem geet, wat passéiert ass.