
E Mëttwoch an der Mëttesstonn gouf zu Oochen de Gewënner vum Internationale Karlspräis 2025 bekannt gemaach. D’Präisiwwerreechung ass traditionell am Mee an der Oochener Märei.
Zanter 1950 gëtt de Karlspräis u wichteg Perséinlechkeeten an Institutiounen iwwerreecht, déi sech fir d’Eenheet vun Europa asetzen.
D’Direktioun vum Präis wierdegt domadder d’Ursula von der Leyen als “europäesch Féierungsperséinlechkeet” a “staark Stëmm vun Europa an der Welt”. Si géif d’Interesse vun Europa a senge Frënn an enger Zäit vun epochalen Erausfuerderunge “kraaftvoll” wouer huelen.
D’EU-Kommissiounspresidentin hätt mat hirem diplomateschen Agéiere Géigner, Zweiwler a Skeptiker vun Europa an eng Minoritéit konnten drécken, betount d’Direktioun vum Karlspräis weider. Zënter 2019 ass d’Von der Leyen jo an hirer Positioun als EU-Kommissiounspresidentin.
Bis ewell goufen ënner anerem de Poopst François, déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel, de President Selenskyj an dat ukrainescht Vollek, an den UN-Generalsekretär Antonio Guterres geéiert. Ma och dat Lëtzebuerger Vollek (1986) an déi fréier Lëtzebuerger Premiere Jean-Claude Juncker (2006) a Joseph Bech (1960) goufe schonn ausgezeechent. De Robert Schuman, deen zu Lëtzebuerg gebuer war, krut de Präis am Joer 1958.
Beim Lëtzebuerger Vollek war et 1986 d’Begrënnung, datt dat klengste Land an der Europäescher Communautéit zu den “iwwerzeegten Europäer vun der éischter Stonn” zielt an datt Lëtzebuergesch Politiker “wichteg Bäiträg zu der Europäescher Eenheet” geleescht hunn. De Grand-Duc Jean huet de Karlspräis deemools stellvertriedend fir d’Awunner vum Grand-Duché zu Oochen ugeholl.
