
Um Rand vun der UNO-Vollversammlung zu New York hu sech den US-President Donald Trump, déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen an de Premier aus Grönland Jens-Frederik Nielsen getraff, fir en Ofkommes z'ënnerschreiwen. Dora geet et ëm gemeinsam Sécherheetsinteressien. Réischt virun e puer Deeg haten d'Regierungen vun den dräi Länner iwwerraschend annoncéiert, en Duerchbroch fonnt ze hunn am Sträit ëm d'Insel.
D'Ofkommes gesäit eng Verstäerkung vun der US-amerikanescher Präsenz op Grönland vir. Dem Donald Trump no géing domat eng "laangfristeg, fantastesch Bezéiung" opgebaut ginn. D'Kontroll iwwer d'Insel wäert awer weider Dänemark behalen. Virun der Ënnerschrëft haten d'Administratioune vun de bedeelegte Länner nëmme wéineg Eenzelheete bekannt ginn. D'Mette Fredriksen sot, déi territorial Souveränitéit vun hirem Land an d'Recht op Selbstbestëmmung vun der Populatioun géifen am Accord unerkannt ginn. D'Ofkommes wier och fir d'Nato an Europa vu Virdeel, sou déi dänesch Premierministesch.
Et wäerten zwou grouss Militärbasë gebaut ginn, sou den US-President a senger Ried virun der UNO. Esou géif kengem Géigner vun den USA erlaabt ginn, op Grönland eng militäresch Präsenz opzebauen oder ouni hir schrëftlech Zoustëmmung sensibel Investitiounen ze tätegen. Den Trump hat méintelaang ëmmer rëm domat gedreet, Grönland z'annektéieren. Zanter 1951 ënnerhalen d'USA am Nordweste vu Grönland eng militäresch Base, op där zulescht ronn 200 Zaldote stationéiert waren.