Observatiounsprogramm CopernicusWäermste Summer a Westeuropa, zënter deem Date registréiert ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Duerchschnëttstemperatur louch dëst Joer bei extrem waarmen 22 Grad Celsius.
© JENS BUTTNER/dpa Picture-Alliance via AFP

De Summer dëst Joer war fir Westeuropa dee wäermste Summer, zanterdeem dass Wierderdate registréiert ginn, dat mellt e Freideg de Moien den EU-Klima-Observatiounsprogramm "Copernicus".

D'Duerchschnëttstemperatur louch dëst Joer bei 22 Grad Celsius an ass domat 2,5 Grad iwwert der Moyenne aus der Referenzperiod 1991 bis 2020.

Well et och extrem wéineg gereent huet, goufen am Juli an am August och traureg Rekorder erreecht, dat bei de Peegelen vu ville Flëss. Rhäin, Donau oder Seine stoungen sou déif wéi nach ni.

Back to Top
CIM LOGO