
D'USA erhéijen den Drock op Kuba weider. D'Regierung zu Washington huet en Donneschdeg Wirtschaftssanktioune géint de kubanesche President Miguel Díaz-Canel, dësem seng Fra a säi Stéifjong, Membre vun der Famill vum fréiere President Raúl Castro a verschidde Verwaltungen ausgeschwat.
Den Donald Trump schwätzt vun enger Natioun, déi gescheitert wier. Et wéilt ee sech elo ëm d'Land "këmmeren". Eng US-Militäraktioun op Kuba ass also weiderhi méiglech.
Zanter Joerzéngten sinn d'Relatiounen tëscht Washington an Havanna ugespaant. Ënnert dem Donald Trump sinn déi Spannungen nees méi staark ginn.
D'Kubaner leiden ënner enger massiver Wirtschaftskris mat permanentem Stroumausfall a massive Versuergungsproblemer.