No zwou Dosen Pentobarbital gouf d'Hiriichtung gestoppt. D'Pike läit a, Spidol an engem kriteschen Zoustand a gëtt medezinesch behandelt.
D'Pike war 1996 zum Doud verurteelt ginn, well si d'Joer virdrun déi 19 Joer al Colleen Slemmer ëmbruecht hat.
Si sollt déi éischt Fra zanter 200 Joer sinn, déi am Tennessee higeriicht gëtt.
De Gouverneur Bill Lee huet nom Virfall déi lescht geplangten Hiriichtung vum Joer ofgesot. Eng extern Enquête soll elo klären, wat bei der Hiriichtung schif gelaf ass.
D'Affekote vun der Pike fuerderen, datt d'Doudesstrof an eng liewenslaang Prisongsstrof ëmgewandelt gëtt. Si soen, si hätten d'Autoritéite virun de Problemer gewarnt, ënner anerem wéinst de Venen vun der Pike.
Et gëtt an den USA zwar Fäll, an deenen Hiriichtungsversich en Echec sinn an en zweete Versuch erlaabt gouf. Beim Christa Pike ass d'Situatioun awer aussergewéinlech, well d'Medikamenter tatsächlech an hire Kierper erakomm sinn a si dës Exekutioun trotzdeem iwwerlieft huet.