
Néng Kandidaten (sechs Fraen an dräi Männer) hu sech opgesat. Zu Lëtzebuerg krut de Pieyre-Alexandre Anglade vun der politescher Beweegung Ensemble vum franséische President Macron déi meeschte Stëmmen. 46,55 Prozent vun de Wieler hunn dem Anglade, deen och schonn an der leschter Assemblée nationale souz, hir Stëmm ginn.
D’Kandidatin vum lénken Nouveau Front Populaire, Cécilia Gondard krut 21,32 Prozent vun de Stëmmen. D’Kandidatin vum Rassemblement National Charlotte Beaufils kënnt mat 14,12 Prozent op eng ofgeschloen drëtte Plaz.
Op de ganze Walbezierk - dee sech wéi gesot aus den Dräi Benelux-Länner zesummesetzt - gekuckt koum déi lénk Kandidatin Cécilia Gondard am éischten Tour vun de franséische Parlamentswalen op 37,45 Prozent vun de Stëmmen. De Pieyre-Alexandre Anglade koum op 35,46 Prozent. Béid Kandidate wäerte sech deemno am zweeten Tour vun de Wale géigeniwwer stoen.
Hie wier kee Frënd vun Extremer, seet de Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden den Dag nom éischten Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich, bei deem de rietsextreme Rassemblement National op déi éischte Plaz koum. De Premier huet awer och drop higewisen, datt de President a Frankräich ëmmer nach ganz vill ze soen huet, besonnesch wat d’Aussen- an Europapolitik betrëfft:
“Soudatt ech dervun ausginn, datt sech do un der pro-europäescher Haltung vu Frankräich net esou fundamental eppes wäert änneren, well de President Macron jo net zur Wal stoung, deen ass do bis 2027 an ech ginn dervun aus, datt dee wäert seng Pouvoiren esou gebrauchen, fir datt Frankräich net kann an eng aner Richtung fundamental goen. Nach wäert et sécherlech op deem engen oder aneren Dossier schonn ze spiere sinn, wann d’Extremer géifen an d’Regierung kommen, mee do si mer jo nach net.”
Tëschent dem éischten an dem 2. Tour kéint sech awer och nach vill änneren. Hie géing hoffen, datt d’politesch Mëtt sech stäerke géing, sou de Luc Frieden. Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot kuckt méi besuergt op den nächste Sonndeg:
“Et ass och ze fäerten, dass am zweeten Tour, well dat ass de franséische System, Walsystem, dat do nach amplifiéiert gëtt, dat heescht, dass effektiv elo d’Fro ass, ob de Rassemblement national op eng absolut Majoritéit kënnt a Frankräich an dann natierlech mat allem wat dat heescht a wat dat och politesch comportéiert. Mir wëssen, wat de Programm ass vum Rassemblement national. Dat bedeit näischt Gutt fir Europa. Et bedeit och näischt Gutt fir eis als Lëtzebuerger, als Noper vun deem Land.”
Och déi gréng kritiséieren d’Decisioun vum franséische President Macron, Neiwalen auszeruffen. D’Deputéiert Sam Tanson:
“Et kann een eigentlech nëmmen hoffe fir Frankräich, mee och fir ganz Europa, dass sech elo e breede republikanesche Front zesummendeet virum nächsten Tour, an alles gemaach gëtt, fir ze verhënneren, dass de Rassemblement national de Premierminister a Frankräich stelle wäert.”
Et wier ze bedaueren, datt de President Macron d’Decisioun geholl hätt, fir Neiwalen auszeruffen, sou de Franz Fayot. Den CSV-Deputéierte Christophe Hansen sot, déi Fransousen, déi e Sonndeg net wiele waren, missten elo waakreg ginn a Responsabilitéit iwwerhuelen.
“Déi schockéieren eis mengen ech alleguerten, well et ass effektiv dee Rietsruck, deen op anere Plazen an Europa vläicht befäert ginn ass, ass a Frankräich effektiv och agetrueden. Dat muss eis ze denke ginn.”
De liberalen Europadeputéierte Charles Goerens schwätzt och vun engem taktesche Feeler, fir d’Walen elo unzesetzen. Déi eenzeg Hoffnung a sengen Ae wier iwwerdeems eng séier Reform vum Walsystem.
“Well wat den nächste Sonndeg de Fall wäert sinn, do wäert d’Hallschent vum Elektorat, wann se räsonabel an responsabel wielen, hir eege politesch Iwwerzeegunge mussen iwwer Bord geheien, fir dat Schlëmmst ze evitéieren. Dat ass jo an enger Demokratie ongesond.”
De Piratendeputéierte Sven Clement seet dann, net jiddereen deen esou gewielt hätt, géing d’auslännerfeindlech Propose vum RN vertrieden. Mee: “Ech sinn natierlech beonrouegt, wann esou vill Leit der Meenung sinn, der etabléierter Politik mussen de Mëttelfanger ze weisen.”
Fir den David Wagner vun déi Lénk huet och d’Politik vum Emmanuel Macron zum Succès vun der Extrême droite bäigedroen:
“De Macron huet e Programm gehat vu sozialer Zerstéierung a Frankräich, en huet et jo versicht, och mat enger relativ grousser Brutalitéit, Gilets jaunes, Pensiounsreform a sou weider, a mat engem ëmmer méi autoritäre Führungsstil. An et ass iergendwéi an déi Richtung gaangen, fir ze soen, et wäert ëmmer méi autoritär ginn, an um Enn wäerten d’Faschisten, also de Front National, elo Rassemblement National, déi wäerten duerno nëmmen aus esou enger Situatioun vun Hoffnungslosegkeet profitéieren.”
Manner besuergt huet sech d’ADR gewisen. D’Fransouse wéissten, wat se wielen an dat misst ee respektéieren, sou den ADR-Deputéierte Fred Keup:
“Eng Majoritéit vu Fransousen ass frou. Déi hunn déi gewielt, si begeeschtert vum Rassemblement national, si stiechen hir Hoffnungen doran. An ech mengen dat ass en demokratescht Zeechen och vun engem franséische Vollek, wat mir hei solle respektéieren als Lëtzebuerger.”
Vertrieder vun LSAP, déi gréng an déi Lénk huelen iwwerdeems e Méindeg den Owend un enger ëffentlecher Reunioun vum Nouveau Front Populaire Deel, déi am Casino Syndical zu Bouneweg leeft.