
Um Dënschdeg ginn an den USA d’Presidentewalen ofgehalen. D’Amerikaner kënnen tëscht der Demokratin Kamala Harris an dem Republikaner Donald Trump wielen. E Mëttwoch de Moien eiser Zäit kéinte mer vläicht scho wëssen, wie fir déi nächst véier Joer un der Spëtzt vum wuel aflossräichste Land vun der Welt stoe wäert. Fir doriwwer ze schwätzen, wat eis déi nächst 24 Stonnen erwaart, war de Marc Hoscheid am RTL-Studio.
Fir d’éischt Mol ganz naiv gefrot: Gëtt also deen den neie President, deen haut déi meeschte Stëmme kritt?
Ma nee, eben net. De President gëtt an den USA nämlech net direkt vun de ronn 160 Millioune stëmmberechtegte Bierger, mee vun de Walmänner designéiert. All eenzele vun de 50 Bundesstaaten huet eng gewëss Zuel u Walmänner, déi der Awunnerzuel vum jeeweilege Bundesstaat entsprécht. Am Ganze ginn et 538 Walmänner, et brauch een der also op d’mannst 270, fir ze gewannen.
Bundesstaate mat wéineg Awunner, wéi zum Beispill Alaska, hunn der just 3, Kalifornien huet der mat 54 am meeschten. An 48 Staate gëllt de Prinzip “The winner takes it all”, also deen, dee déi meeschte Stëmme kritt, kritt all d’Walmänner. Just am Maine an an Nebraska ginn d’Walmänner tëscht de Parteien opgedeelt. Ma do schwätze mer zesumme grad emol vun néng Walmänner. Um Enn dierft souwisou d’Resultat aus de 7 Swing States entscheedend sinn. Nieft dem President ginn iwwregens och dee ganze Kongress mat senge 435 Memberen a 34 vun de 100 Senateure nei gewielt.
Et gëtt ëmmer vum Duell tëscht Demokraten a Republikaner geschwat, ma et stinn awer méi wéi zwou Parteien zur Wiel. Firwat geet quasi ni iwwert déi aner rieds?
Ma ebe grad wéinst deem “The winner takes it all"-Prinzip. Déi meeschte Leit sinn der Meenung, datt se hir Stëmm wechschmäissen, wa se keng vun deenen zwou grousse Parteie wielen. Dobäi ass déi libertär Partei, déi fir ee Minimum u staatlecher Amëschung steet, quasi an alle Bundesstaate present. D’Green Party kann ëmmerhin a 37 Bundesstaate gewielt ginn. Dobäi gouf et vun den europäesche Grénge schonn den Appell un d’Spëtzekandidatin Jill Stein, sech aus der Course ëm dat Wäisst Haus zeréckzezéien. Si géing der Kamala Harris nämlech wichteg Stëmmen aus dem lénks-progressive Lager klauen. D’Stein huet déi Fuerderung awer scho mat der Begrënnung zeréckgewisen, datt ee sech net ëmmer op dee klengste gemeinsamen Nenner eenegen dierft, mee dat Grousst Ganzt am Bléck misst hunn. Interessant ass och, datt de Robert Kennedy Junior, deen den Donald Trump ënnerstëtzt, an enger Partie Bundesstaaten nach ëmmer um Walziedel steet.
An der Lescht huet den Donald Trump ëmmer nees duerchblécke gelooss, datt hien d’Wale just verléiere kéint, wa massiv gefuddelt géing ginn. Hie behaapt jo och nach bis haut, datt d’Wale viru véier Joer geklaut goufen. Wéi sécher sinn d’Walen an den USA dann iwwerhaapt?
Also d’USA sinn natierlech och net do virdru geschützt, datt et Feeler oder Gefuddels beim Ausziele vun de Stëmmen oder Cyberattacke vu bausse gëtt. Datt viru véier Joer massiv gefuddelt gi wier, konnt den Donald Trump allerdéngs ni beweisen. Aktuell si fënnef Lëtzebuerger Deputéiert am Kader vun enger OSZE-Missioun als Walbeobachter an den USA. D’Alexandra Schoos zu Las Vegas an de Gilles Baum, Emile Eicher, Gusty Graas a Claude Haagen zu Los Angeles. De Gilles Baum ass gläichzäiteg de regionale Koordinateur fir Kalifornien a geet dovunner aus, datt den Donald Trump dëst Joer änlech Reproche maache kéint.
Gilles Baum: “A mengen An wäert den Donald Trump sech relativ fréi am Owend, éier grouss ausgezielt ass, zum Gewënner erklären. A wann et zu engem Revirement kënnt, da wäert et goe wéi viru véier Joer, datt en alles wäert kontestéieren an datt gesot wäert ginn, datt gefuddelt gouf. Dorobber musse mer eis astellen, et ass och dat, wat an de Briefinge beschwat ginn ass.”
Dozou muss ee soen, datt an enger Rëtsch Bundesstaaten fir d’éischt déi Stëmmen, déi de Waldag selwer ofgi goufen, ausgezielt ginn. Dat sinn traditionell déi méi konservativ Wieler. Dono ginn dann d’Stëmme vun der Bréifwal ausgezielt a vun där profitéieren éischter déi méi liberal Wieler. Am Ganzen huet dëst Joer bal d’Hallschent vun de Walberechtegte vun där Méiglechkeet gebrauch gemaach. D’Resultater kënne sech also am Laf vum Walowend änneren. Déi fënnef Lëtzebuerger Walbeobachter waren iwwregens am Ufank vun hirer Missioun zu Washington. De Gilles Baum erzielt vu sengen Andréck, ënnert anerem vun enger Demonstratioun fir d’Recht op Ofdreiwung.
Gilles Baum: “Wou ganz vill Dammen ënnerwee ware mat Pancarten, ganz vill Meedercher, jonk Meedercher, awer och eng Géigemanifestatioun. Mee dat war awer ganz gutt vun der Police encadréiert. Dat heescht do ass lo näischt Gréisseres geschitt. Et ass awer sou, datt sech d’Geschäfter ronderëm dat Wäisst Haus schonn zum Deel verbarrikadéiert hunn. Dat war awer viru véier Joer d’selwecht, well se fäerten, datt an der Walnuecht respektiv déi Deeg dono kéinten Émeute kommen. Mee ech hunn et am Fong ganz roueg zu Washington empfonnt.”
Wéi geet et dann an de Wochen a Méint no de Wale virun?
Béid Säiten hu schonn hir Affekote prett stoen, fir d’Resultater an deene Bundesstaaten ze kontestéieren, an deenen et besonnesch knapp ausfält. Sollt d’Kamala Harris gewannen, dierft et zu Protester vun Trump-Supporter op de Stroosse kommen. Dat awer wuel éischter net um Waldag selwer, mee méi spéit. An den haart ëmkämpfte Swing States ass nämlech schonn d’Nationalgarde an Alarmbereetschaft. Fir de President definitiv ze wielen, treffe sech d’Walmänner vun all Bundesstaat den Dënschdeg nom zweete Mëttwoch am Dezember, dat ass dëst Joer de 17. Dezember, an hirem jeeweilege Bundesstaat. Dat nennt sech Electoral College.
Den 20. Januar d’nächst Joer soll dann deen neie President respektiv vläicht och déi éischt Presidentin an der Geschicht vu den USA vereedegt ginn. Den aktuelle President Joe Biden huet schonn annoncéiert, datt hien op alle Fall un der Zeremonie deelhuele wëllt, egal wéi d’Wal ausgeet. Säi Virgänger a vläicht Nofollger Donald Trump hat dat 2021 nach refuséiert.
