
Den Donald Trump hat den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag scho laang am Viséier. E Freideg huet hie weider Sanktioune géint d'Institutioun decidéiert. Mat dem Geriicht dierft et keng Transaktiounen ginn, d'Ressource solle gekäppt an d'Handlungsfäegkeet limitéiert ginn.
Déi Annonce vun der US-Regierung koum just e puer Stonnen, nodeems de Friddensnobelpräis un déi südafrikanesch Juristin Navi Pillay gaangen ass, déi Riichterin op deem Geriicht war. Den Donald Trump huet d'Decisioun vum norwegeschen Nobelpräiskommitee eng blamabel Decisioun genannt.
Den israeeleschen Alliéierten hat jo ferm Kritik un der Auszeechnung vun der Juristin geäussert. Si hat vun 2021 bis 2025 de Virsëtz vun der Onofhängeger Enquêtëkommissioun fir Gaza, déi Israel zejoert reprochéiert huet, fir e Genozid an der Gazasträif responsabel ze sinn.
De Kommitee zu Oslo huet d'Pillay fir hire joerzéngtelaangen Asaz fir d'Mënscherechter an d'Verfollgung vu Mënscherechtsverstéiss geéiert.
Der Juristin no géif dat internationaalt Vëlkerrecht nach ëmmer méi ënner Drock stoen.
Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel reagéiert däitlech. Et misst ee geschlossen fir dat internationaalt Recht astoen. Grad als klengt Land wär een, méi wéi anerer, drop ugewisen, datt dës Reegelen och respektéiert ginn:
"Mir mussen eis bewosst sinn, dass dat internationaalt Recht an och déi multilateral Institutiounen am Fong de Grondstee sinn, fir d'Relatiounen tëschent de Länner och ze reegelen. An och virun allem als klengt Land si mir, méi wéi anerer, frou, wann déi och respektéiert ginn. An den internationale Strofgeriichtshaff ass dobäi zoustänneg, fir déi schlëmmste Verbriechen am Fong ze verurteelen, déi vu Mënsche begaange gi sinn. Ob dat Genozid, Verbrieche géint d' Mënschlechkeet, Krichsverbriechen a Verbriechen och vun der Aggressioun. Dat heescht, wann ee Land dat anert ugräift. Aktuell Fäll, déi bei der ICC behandelt gi sinn, ënner anerem déi russesch Aggressioun géint d'Ukrain oder de Krich och am Sudan."
Lëtzebuerg géif hannert dem Internationale Strofgeriichtshaff stoen a bedauert all Schratt, deen dat internationaalt Recht schwächt. E Méindeg géif een zesummen als EU-Ausseministeren iwwert dee Sujet beroden. De Xavier Bettel hofft, datt eng staark gemeinsam Positioun zustane kënnt.