Mann zu Minneapolis erschossZwee ICE-Beamten no déidleche Schëss suspendéiert

AFP, iwwersat vun RTL
No den déidleche Schëss op den US-Bierger Alex Pretti zu Minneapolis hunn d'US-Autoritéite Konsequenze gezunn.
Nach den tödlichen Schüssen auf den US-Bürger Alex Pretti in Minneapolis haben die US-Behörden Konsequenzen gezogen: Zwei Einsatzkräfte wurden vorläufig vom Dienst suspendiert, wie die US-Grenzschutzbehörde CBP bestätigte.
© AFP

Zwee Beamte goufe virleefeg suspendéiert, wéi e Spriecher vun der US-Grenzschutzautoritéit Customs and Border Protection (CBP) e Mëttwoch confirméiert huet. Responsabeler vum Heemechtsschutzministère haten d’Bundesautoritéite virop als “Affer” duergestallt. Den US-President Trump mécht dem Buergermeeschter vu Minneapolis, dem Jacob Frey, iwwerdeem nei Reprochen.

Déi virleefeg Suspensioun vun de Beamte wier e “standardméissegt Virgoen”, heescht et vun der Grenzschutzautoritéit CBP. Ee Rapport vum Heemechtsschutzministère un de Kongress, dee vun US-Medie verëffentlecht gouf, weist, datt ee vun de Beamten e CBP-Mataarbechter war an deen anere Mataarbechter vun der Unitéit Border Patrol. Hir Nimm sinn net bekannt.

De 37 Joer alen Infirmier Pretti war e Samschdeg bei enger Razzia géint Migranten zu Minneapolis erschoss ginn. Den US-Heemechtsschutzministère huet virop vun “Ofwierschëss” vun de Beamte geschwat. Videoopnamen, déi weisen, wéi de Pretti iwwerwältegt um Buedem louch, loossen allerdéngs Zweiwel un där Duerstellung opkommen. De Pretti hat op den Opnamen en Handy bei sech an eng Pistoul, déi hien awer net an der Hand hat an d’Beamten him schonn ofgeholl haten, wéi si geschoss hunn.

E Mëttwoch den Owend hunn eng Rei US-Sender en neie Video gewisen, op deem de Pretti iwwer eng Woch viru sengem Doud ze gesi soll sinn. Op den Opname beschiedegt de Pretti an enger gewalttäteger Ausernanersetzung mat Beamten e Gefier. Ob de Video echt ass, konnt vun der Noriichtenagence AFP bis ewell net confirméiert ginn.

D’Virgoe vun de Beamten zu Minneapolis, déi schonn de 7. Januar déi net-arméiert Automobilistin Renee Good erschoss haten, huet landeswäit fir Onroue gesuergt a vereenzelt Protester ausgeléist. Den US-President hat nom Virfall annoncéiert, zu Minneapolis “e bëssen deeskaléieren” ze wëllen. E puer Stonne méi spéit hat hien den Toun allerdéngs nees verschäerft an dem Buergermeeschter vu Minneapolis e “Spill mam Feier” reprochéiert. Den demokratesche Politiker Frey hat annoncéiert, datt d’Stad d’Migratiounsgesetzer vun der US-Regierung net ëmsetze wäert.

De Frey huet d’Reprochë vum Trump, hie géing zur Eskalatioun bäidroen, zréckgewisen. “D’Aufgab vun eiser Police ass et, d’Leit ze schützen, net Bundes-Migratiounsgesetzer duerchzesetzen”, huet hien op X erkläert. Méi spéit huet de Buergermeeschter bei enger Biergerversammlung betount: D’Juegd op presuméiert illegal Migranten “huet näischt mat der Sécherheet ze dinn an och näischt mat Immigratioun”. Et géing vill méi “ëm politesch Revanche” goen, sot de Frey. “Dat sollt jiddereen an Amerika beonrouegen.”

Back to Top
CIM LOGO