
A Frankräich ass e Sonndeg den Optakt vun de Gemengewalen. Dobäi geet et ëm wäit méi wéi d’Lokalpolitik: D’Gemengewale ginn als wichtegen Stëmmungstest fir d’Presidentiellen d’nächst Joer gesinn.
De Rassemblement National, dee jo laang vun der Marine LePen geleet ginn ass, rechent sech fir d’nächst Joer gutt Chancen aus. Den aktuelle franséische President Macron däerf keng drëtte Kéier kandidéieren.
D’Gemengewalen sinn an zwee Tier, mam zweeten Tour d’nächste Sonndeg. Ënnert anerem gëtt zu Paräis d’Nofolleg vun der laangjäreger Buergermeeschtesch Anne Hidalgo gesicht, ënnert de fënnef Kandidaten hunn den Emmanuel Grégoire vun der Gauche an d’Rachida Dati vu Les Républicains de Sondagen no gutt Chancen op de Chef-Posten an der Paräisser Märei.