
An den USA huet d’Medienopsiicht FCC Radios- an Tëleeschaînen domat gedreet, hinnen d’Sende-Lizenzen ze entzéien wa si weider ''Fake News’’ iwwer den Iran-Krich géife verbreeden.
De President Donald Trump hat sech am Virfeld op de soziale Medien iwwer d’Manéier beschwéiert, wéi den Iran-Krich vun de Medie couvréiert gëtt. Organisatiounen, déi sech fir d’Meenungsfräiheet staark maachen, schloen an den USA Alarm.
De Chef vun der FCC, de Brendan Carr gëllt als Trump-Alliéierten. D’FCC hat zejoert ënnert anerem dem Sender ABC mat engem Entzuch vun der Lizenz gedreet, wann dëse weider d’Show “Jimmy Kimmel Live” géing ausstralen. De Show-Master Jimmy Kimmel hat mat sengen Äusserungen zum Doud vum ultrarietse politeschen Aktivist Charlie Kirk fir Roserei am Trump-Lager gesuergt.