Di lescht Joren ass zu Lëtzebuerg vill ënnerholl ginn fir d’Mobilité douce als Transportméiglechkeet am Alldag, am Fräizäit- an Tourismusberäich ze fërderen. Um Internetsite vun den CFL fënnt ee fir all Gare e Plang an eng Lëscht vun de Vëlosweeër an der Géigend, esou datt ee säin Ausfluch gutt plange kann.

Ongedëlleg hunn ech drop gewaart, datt zu Klengbetten um Quai endlech deen neie Lift a Betrib geholl gëtt, fir datt ech mäi schwéieren E-bike net méi mat friemer Hëllef d’Trapen an d’Unterführung erof an duerno grad esou vill Trapen erëm erop bei d’Strooss schleefe muss. Virun 2 Wochen wollt ech de Lift probéieren, mee ech hu musse feststellen, datt zwar e Rollstull, eng Kannerkutsch oder e Kannervëlo an de Lift passen, mee mäi Vëlo net. De Lift steet fräi um Quai, ass néierens ugebaut, et wier also genuch Plaz gewiescht fir en 20 oder 30 cm méi laang ze bauen (di Gréisst wéi z.B. d’Liften op der Stater Gare).

Um neie Pôle d’échange um Houwald besteet dee selwechte Probleem. Och do hunn d’CFL e Lift vu knapps 150 cm Längt op en fonkelneie Quai gebaut.

Op eelere Garen wéi z.B. zu Waasserbëlleg ass et méi schwéier d’Infrastrukturen unzepassen, mee et wier flott, wann eng Méiglechkeet géing bestoen och vum mëttelste Quai aus mam Rollstull, mat der Poussette oder mam Vëlo ouni géi Trapen bis an d’Unterführung ze kommen. De Chef de Gare huet deslescht proposéiert, mir ze hëllefen, de Vëlo iwwert d’Gleiser op di aner Säit ze bréngen. Ech weess awer net ob dat allgemeng esou gehandhaabt gëtt, oder ob et e perséinlecht Entgéintkomme vun engem eenzelen CFL-Mataarbechter ass.

Et wier jiddefalls wënschenswäert, wann di Responsabel am Transportministère a bei den CFL hir Projeten an Zukunft esou géinge plangen, datt se an der Praxis och funktionéieren.

Marie-Lise Margue