Bei deenen Zuele vu Räichen, apaart deenen NEIE Räichen, vun deene rieds geet, misst een emol driwwer nodenken FIRWAT et dann elo esou andeem Sënn biergop geet. Jidderee weess dach, datt et ëmmer méi Famille mat nëmmen 1 oder héchstens zwee Kanner gëtt, déi dann och nach dacks vun ‚2 Säiten‘ Immobilien an aner ‚Saachen‘ ierwen. Dacks hunn d’Elteren haut och ewell zu 2 geschafft an sech zu 2 ‚ugeschaaft asw. Eng héichintressant psychologesch (leider och psychiatresch?) Fro.

Dat ass (schéngt!) jo alles guer net esou iwwel. Et freet sech nëmme just, wéi mat deem Räichtum ëmgaange gëtt. Leider ass de Sproch net esou dolaanscht, wann emol gesot gëtt, datt dësen oder dee vun Ieselzegkeet net weess, wat hie mat sengem ‚Zevill‘ soll ufänken…gelungenerweis kann dat och e Problem sinn/ginn.

Alles dat (nach ëmmer) ouni Näid an ouni Gascht vun engem Net-Räiche vergonnt.

Lex Roth