Schonn erëm eng Kéier ginn d’Cannabis-Patiente mat hiren Leide sëtzen gelooss an dëst d'Kéier bis Mëtt September!!! Merci

Et geet hei ëm Leit, deene Pëllen net méi hëllefen, Leit mat Péng, Kriibs, MS, etc... Mä déi si jo egal...

Wat mir net wëll an de Kapp goen, ass, dat mat den « Krittären», déi den Ministère berécksiichtegt bei de Bestellungen. Wat sinn dat fir Kritären? Goufe bis haut iergendwellech Patienten zu deenen « Krittäre» befrot? Ech hunn ni esou eppes héieren!

Wann déi Krittären déi sinn, déi fir dat medezinescht Gras ugewannt ginn, dat bis elo heihin importéiert gouf, dann ass dat e schlechte Witz. De Cannabis ass, menges Wëssens no als Patient, nëmmen an dräi verschiddenen Zorten verfügbar: 1 Mol reng CBD, ee Mol Mix CBD/THC an ee Mol reng THC.

Ech perséinlech kréien, wéinst permanenter Péng (24/24h... duerch eng ugebueren degenerativ Wierbelschädegung), den « Red Nr2 » anscheinend 17% THC (dat kann ech mer net virstellen).

Den Cannabis ass zënter dass ech e kréien ëmmer verdréchent a ganz oft iwwert den Haltbarkeetsdatum gewiescht, an en ass och net an der Apdikt an engem Frigo gelagert, doduerch hëlt d’Qualitéit immens schnell of bei de Cannabisbléien (duerch d’Fuerschung nogewisen), dat heescht och, dass schon emol guer net méi esou vill wierkenden Thc oder Cbd enthalen ass, duerch d'Verdréchnen an der falscher Lagerung, ausserdeem, all Mount 6 iwwergrouss Plastik Dëppercher (15 gr) an zwee méi klenger (5 gr). Top wat d’Plastikreduzéierung ugeet... Dovun ofgesinn war ech schon wärend 10 Joer, virun 2018,  Cannabis-Patient iwwert een Däitschen Neurolog an krut de medezinesche Cannabis aus Holland vun der Firma  ‘Bedrocan’, déi fir den Hollänneschen Gesondheetsministère schaffen.

Dee Cannabis den ech deemools 10 Joer laang krut, war méi staark (23% THC) grad doduerch war e vill besser asetzbar fir Patienten. Et kann een en doduerch vill méi niddreg doséieren ewéi dat Onkraut, dat mir hei vun wäit ewech aus Kanada kréien (Fliger an Co2)

Mat dem Bedrocan hun ech 50-60 Gramm de Mount gebraucht, vun deem komeschen Déngen aus eisen Spidolsapdikte brauch ech 100 Gramm de Mount an dat geet eigentlech net duer, wéinst dem niddregen THC an der extrem schlechter Qualitéit. Kuerz gesot, als Patiente wiere mer vläicht frou, esou lues Mol mat agebonnen ze ginn an d’Diskussioun iwwert d’Bestellungen, d'Zorten an d'Qualitéit. En plus, gëtt den Bedrocan hei niewendrun an Holland produzéiert an ech krut et deemools ëmmer an der Hollännescher Apdikt an enger eenzeger spezieller grousser, zougeschweesster Tut. Also nëmmen eemol e bësse Plastik fir dat Ganzt.

Dann nach eng kleng aner Saach, déi ech bei der Ausso vun der Gesondheetsministesch net verstanen hat: Wéi kann et sinn, dass anscheinend eng Bestellung vum Hierscht 2020 net ukomm ass, wann mir/ech als Patienten dëst d'Joer schon där Plastiksdëppen mat Gras kruten, wou den Datum 12.2020 dropstoung? An wann ech mech net ieren, hat ech och schon eent vun Januar 2021. Ugangs des Jores?? oder gëtt den Produktiouns/Halbarkeetsdatum réischt spéider dropgeschummelt?

An nach e puer aner oppen Froen,

Firwat kréien d’Cannabis-Patienten nach ëmmer dat giel/blot « Drogerezept » ,dat een net vun all Dokter ka kréien, an net een normaalt Rezept, well de Cannabis gouf ugangs des Jores vun der WHO/UN vun der Klassifizéierung als haart Drog (war zesummen mat Opiaten etc klassifizéiert) erofgestuuft gouf an elo als normaalt verkéiersfäegt Medikament ugesi gëtt?

Firwat kann ee Patient net, obwuel en et ze gutt hätt, eng Behënnertekart ufroen fir zb mam Auto besser parken ze kënnen, well wann een dat mécht, da muss en eng Ufro beim Ministère des transports maachen an do muss en säi Medikament uginn (Cannabis) an da kritt en anscheinend direkt den Führerschäin ofgeholl? Geet et nach, wou si mer dann hei? Déi Pauschalitéit entsprécht a guer kenger Hisiicht der Realitéit vun engem Cannabispatient, ech zb, war nach ni an engem komeschen Zoustand nom inhaléieren vun menger Medezin, an ech si bei wäitem net den eenzegen. Éischtens schwätze mer hei vun der Peng etc ugepassten, klengen momentanen, iwwert den Dag verdeelten Dosissen a wann een eng Pathologie huet, bei der dem Kierper säin eegent « Cannabinoid System » also seng « CB1 » (THC) an « CB2 »(CBD)- Rezeptore betraff sinn, dann gëtt den THC an den CBD vun deene Rezeptoren opgeholl an et kënnt net zum « bekifft sinn » (wär jo vläicht heiansdo flott, mä dat kennen ech leider net)

Also si Cannabispatienten och net «bekifft» ënnerwee. An Däitschland kann ee seng «Fuereegnung» bei hirem «Colmar-Bierg» feststellen loossen, als Cannabispatient, ech kennen een perséinlech, (e war och virun 10 Joer hei am Land an huet ëffentlech doriwwer geschwat) den huet säi Fürerschäin behalen an en huet den Test ganz normal bestanen, wei jiddereen, den net Cannabispatient ass! An en ass net den een eenzegen an Däitschland. Firwat also hei ëmmer déi Pauschalitéiten? Dat ass eng eenzeg grouss Ongerechtegkeet.

Op d'mannst d’Urecht op en «Fuereegenungstest» zu Colmar-Bierg wär fair! Och wa mer déi deier « Pizza » zu Colmar-Bierg nach selwer mussen bezuelen.

An dann nach e privaten « Firwat»: Ëmmer nach domm Kommentaren an Ausgefrots vun « Net-Cannabis-Patienten » oder en Dokter, den een all Mount, wann ee  bei e geet « kënns de rëm bei däin Dealer » zu engem seet, ech sinn keen « Kiffer ». Fir mech ass dat e seriöt a ganz normaalt Medikament géint meng chronesch Nervepéng a keng « Fräizäitdrog». Dat ass eigentlech ëmmer erëm op en Neits beleidegend a kränkent, och wann ech den Dokter respektéieren a gutt leide kann an en een Top Doc ass! Wat ech domadder soen wëll, ass,  dass « Net-Bbetraffener », leider eng komplett an zwar total falsch Virstellung vun engem Cannabispatient hunn. An dat deet dann nach extra wéi zu der schon existéierender Péng. Ech géif mer einfach e bësse méi Respekt a Verständnis wënschen, bei enger Rei Mënschen, déi een esou begéint, och an der Politik.

Dann zum ofgeschloss wollt ech nach d’Santésministesch froen, ob dann lo deemnächst rëm iergendwann an den Apdikten Gras ass oder ob mer lo een-zwee Joer ob éischt, zougeloossen, allen « Krittären » entspriechenden Lëtzebuergeschen Grasbléien waarde mussen oder ob mer sollen/däerfen/kënnen ob d’Gare bei en Dealer goen an deem eng Rechnung fir d’Gesondheetskees froen? Sollen/däerfen/kënne mer et selwer ubauen (Wär eng top Léisung wat d’Qualitéit an d’Klima ugeet)?

Oder kënnen/däerfen/solle mer an d’Apdikt an Holland fueren (et ass eng nobäi zu Maasbracht). An dat geet, ech krut bei der éischter « rupture de stock » en Rezept hei a Lëtzebuerg, mat deem ech an Holland an d’Apdikt de Bedrocan sichen gaange sinn, just, obwuel et hei legal als Medikament ass, krut ech meng 600 € fir 100 Gramm net vun der CNS zréck???

Nach een allerleschten Firwat:

Firwat muss ech als Cannabis Patient nach ëmmer, wann ech aus Lëtzebuerg erauswëll, een Mount virdrun extra Ziedelen ufroen a vum Dokter/Ministère ausfëllen loossen, wéinst mengem Medikament? Leit, déi Opiater kréien, hunn déi Probleemer do net, si klammen an den Fliger/Zuch, wann se Loscht hunn, a ginn zb an d’Vakanz. Mer waren lo laang wéinst den Lockdowns blockéiert an eiser Reesfräiheet, mä als Cannabis Patient ass een an engem permanenten Lockdown. Merci.

a merci virunallem well den Cannabis als Medikament jo schon zënter engem halwen Joër vun Who/Un zu normalen verkeiersfähegen Medikament eroof gestuuft gouf...siehe Google,,lèiwen Staat an Ministeren etc...merci nachemol

ech an anerer wärten sech bei den nächsten Wahlen “gär” un Iech erënnerën…