De Mënsch am Weltraum

Komme mer aus dem Waasser,
si mer Stëbs vun der Äerd,
komme mer vun de Stären?
Kee weess et, jiddweree blärt
dat Rätsel léig am Weltall,
a klinzége Partikelen
vun hell an däischter "Wéckelen".
Zu Milben a Karnéckelen
kéinte si séch entwéckelen
fir no Millioune Joeren,
mat Spläissen an den Hoeren
Här vun der Welt ze ginn:
" Koum esou de Mënsch op d'Schinn"?
Mat ménge nowärts 92
-éch ginn sou lues scho bronkég-
wärd éch et net erliéwen
dass dat gigantescht Striéwen
-trotz ärdégem Gebimmel-
vru méngem exitus eng Äentwert fënnt,
déi éch dann do am Himmel
als Cadeau präsentéire kënnt ?
De Weltraum gutt ze kennen,
déi Phänomeener ze benennen
déi hien um Goen
halen
ass wichtég, an do falen
ons Avantagen zou, déi éch Iech elo wëll soen:
Well hei ënnen alles ass,
sou wäit, verschass,
wär do uewen immens vill lass:
wär hei emol een vum Lemmes gebass,
wäre mir sénger ganz séier lass:
Hié géif, jee, wat e Genoss
an den Univers erop geschoss,
do kéint hien nees beweisen
-souwuel Amerikaner wéi och Preisen-
wat hien esou alles färdég bréngt
mee wat heinidde net ëmmer "geléngt"!
Do kéint hien aner Lemmësse sichen,
nei Tricken och erfannen
fir nach deem gréisste Blannen
eng Stärewart ze verkafen
mat där deen weider Afen
op anere Stären kéint fannen
an déi och vu vir an hannen
beschwindelen a beducksen
an hinnen d'Mënz "ofluchsen".
Hié kéint och Maure bauen
fir all deene friéme Schlauen
op séngem Stär well lass ze ginn
a séch fro'n: wéi kommen déi heihin?
Hie kéint am Weltraum alles maan
ma vill méi grouss, a méi infam,
all aner Wiésen do embréngen
wa si da sollte séch erkéngen
fir och ze fro'n e Stéck vum Kuch:
"Där hu mer elo schonn hei genuch"!
Da géing nees un deen ale Fluch
dee mir heinidde laang erliéwen:
Well d'Dommheet schéngt net aus ze stierwen.