Ech muss soen dat ech perseiinlech entsaat sinn waat ech do liesen iwer Plagiatsaffär vum Xavier Bettel.

Mee, stop, net iwer de Plagiat vum Xavier Bettel, me iwer dei a Aart a Weis wei esou „ganz schlem Affären“ traiteiert gin.

Et schengt all Mëttel recht an gutt ze sinn,  een Mensch un ze viseieren, den nun emol leider am Viseier steht, duerech seng Verantwortung an der Regierung.

Ech wöll op Detailer net agoen, dei sinn jo schons genuch duerech gekniet gin wei een Deech.

Wann ech dann elo den Fazit zëihen vun dem Ganzen, kommen ech zur Erkenntnis dass elo grad an just den Mensch Xavier Bettel ganz schlem Fehler

gemach huet, dei schon bal netmei ze verzeien sinn an esou Gewiicht hun, datt all daat waat hien gut gemach huet an senger Amtszeit netmei zielt. Waat mech bei der ganzer Saach justement esou enorm stëiert, ass, datt een hei D’Gefill kritt et get schengs alles ennerhol den Premier esou eroof ze zeiien dat hien als ganz schlemen

Bösewicht do steht. Daat ganz lëit sage und schreibe iwer 20 Joer zereck. Daat seet genuch.

Wei der Deiwel un enger aarmer Seiil hängt, get op een hei geschoss vun villen Seiten. Majo dann schengt et mir esou, dass dei  Personnagen, dei

daat ganzt lanceiert hun, esouwei Politiker vun net Regierungsparteien, fehlerlos musse sinn.

Wei heescht et esou scheiin, et soll een net mat engem Steng em sech scheiissen wann een selwer an engem Glashaus setzt. Dat gëllt fir ALL Mensch mech selwer mat ageschloss!.

Datt een elo dei Affär do esou opputscht, wei wann enorm irreparabel Schied entstaanen wären ass onverständlech.

Een gudden Root, den bis haut nach emer Gültegkeet huet ass folgenden: Et soll villeicht Jidwereen besser virun senger eegener Hausdier kieren.

Jiidwerengem seng Meenung, et bien daat ass meng ganz perseiinlech Meenung zu deser ganz ganz schlemer Affär.