Bei Bauaarbechte war d'Bomm um Territoire vum Flughafe fonnt ginn a gëtt nach um Dënschdeg Owend entschäerft. Passagéier kréien net vill Retard.

Fraport huet als Exploitant vum Flughafe matgedeelt, datt aus Sécherheetsgrënn alles an engem Ëmkrees vu 500 Meter ofgespaart gëtt. Dowéinst mussen och den Intercity Hotel an de Chantier, op deem d'Bomm fonnt gouf, evakuéiert ginn. Dat leeft zënter 17 Auer an et ass virgesinn datt d'Bomm um 23 Auer entschäerft gëtt.

Zu Frankfurt gëllt en Nuetsfluchverbuet, dofir huet d'Entschäerfung keen Impakt op de Fluchbetrib, heescht et vu Fraport. Allerdéngs gesäit een um Internetsite vum Frankfurter Flughafen, datt elo schonn eng Partie Volle Verspéidung kréien, esou datt den Timing eventuell net ka respektéiert ginn. Stand 19 Auer lant dee leschte Voll eréischt um 23.18 Auer a kënnt domadder mat enger Stonn Verspéidung vun Hurghada an Ägypten zeréck.
 
Am Asaz sinn den däitschen "Kampfmittelräumdienst" an d'Frankfurter Beruffspompjeeën. D'Autobunn A5, déi net wäit ewech vum Flughafen ass, gëtt och gespaart, bis den Deminage mat senger Aarbecht fäerdeg ass.
 
Fraport réit de Passagéier, sech op Verspéidungen anzestellen, an ier se sech op de Flughafen deplacéieren, online ze kucken ob hire Fliger esou flitt wéi geplangt. Déi éischt Departen si fir 4.45 Auer virgesinn.