Gudde Moien Här Bausch,

Virun e puer Joer war et en Thema, dass eis Buschauffeuren, wann si um Ufank resp. um Änn vun hiirer Linn sin, falls dat net zoufälleg doheem ass, ganz einfach am Reen stoe geloos gin.

Dei Leit wössen einfach net wouhin.

Daat huet sech bis haut net geännert. Ech geng mengen, nach vill verschlechtert.

Sierw daat an der Staad (z.B. Stäreplaatz), zu Leideleng am Bann, a.s.w. (ech wöll se elo net all hei obzielen, soss kritt de Breif keen Änn, an ech kennen se net all), do stinn stoonelaang Bussen mat hiiren Chauffeuren (och Dammen) dei, wann se nemmen hiir Komissioun maache wöllen, hannert Heck goen mussen, falls där iwwerhapt eng do ass.

Well se net wouhin wössen, da get halt den Trottoir zougessat. Da mussen d’Fousgänger eben durch d’Stross an d’Auto kucken dass se laanscht kommen.

Natiirlech hut dir, an all är Matarbechter, et an ärem Büro vill meih einfach. Dir hut e geheizten WC, mat Pabeier an engem Lavabo fir är Hänn ze wäschen an doneift eng Kaffismaschinn wou är Leit mateneen pootere können (ausser Covid natiirlech).

Sin eis Chauffeueren 2. oder 3. Klass-Leit dass die esou mönschenunwiedeg, vun Iech behandelt gin?

Dir sid et net eleng, är RGTR-Beamten, d’Gewerkschaftler an natiirlech och d’Patron’en. Ech hun an deem Sönn mat der Haaptchauffeurs-Gewerkschaft, virun ca 1Joer telefoneiert. Wie ech deem Här ob de Saak gaangen sin mat mengen Froen, huet hien mir einfach agehaangen. Ob meng Mail huet dei neutral Gewerkschaft et net neideg fond ze äntwerten. Dass dei Leit vun den Memberschaften bezuelt gin, a fir se do soll sin, schengt keen do ze interesseieren.

Warscheinlech sin net genuch Chauffeuren syndikeiert. Daat ass villeicht eng Erklärung, awer keng Entschöllegung.

Oder et sin zevill Auslänner, die deen Beruf ausüben. Sie gi jo net wielen. Also brauche mir och Näischt fir se ze maachen.

Ob jidderfall: Armut hoch 7. Daat hei zu Letzebuerg, Joergang 2022.

Wann dir mir elo sood, et wiir scho vill gemaach, da froen ech mech waat.

Emmer mei där schweierer Gefierer ob den Ännstatiounen ouni eng Buud mat enger Toilette, Lavabo, Obenthaltsraum fir eng Taas Kaffi an e bessen ze raschten an mat de Kollegen ze schnooken.

Wa mir et färdech bruecht hun, den gratis-öffentlechen Transport ob d’Been ze stellen (Kompliment), dan diirft da dootent och kee Problem sin an, am Handumdrehen ze leisen sin.

En decken Merci am Viraus Här Minister Fränz Bausch, am Numm vun eisen Chauffeueren an deenen aaneren Verkeiersteilnehmer.

Bis deemnächst um Walfy beim Laafen ouni Pinkelpaus. 😊

M. Koob