Mech hu schonn oft Persoune gefrot, wat eigentlech eis Politiker de ganzen Dag maachen, wuel mam Hannergedanken, dass se mer dono direkt soe wëllen, dass se guer näischt maachen. Dat ass Quatsch – dat weess och all Mënsch, deen sech e bësse mat der Thematik beschäftegt. Allerdéngs erwëschen ech mech awer a leschter Zäit och ëmmer mei oft selwer, wei ech mer déi Fro stellen, an zwar ausgerechent bei enger Persoun, dem seng Partei dëst Gefill eigentlech provokant verstäerkt an dowéinst sech als eenzege Verstoer vum Lëtzebuerger Vollek duerstellt.

Den Tom Weidig, Deputéierten vun der ADR, ass relativ vill op Social Media ënnerwee an deelt senge Follower zimmlech aktiv mat, wat e vun aktuelle politeschen a gesellschaftlechen Entwécklungen hält. An der Vergaangenheet goufen dëst Posts schonn oft kritiséiert, Tatta Tom oder Carlo Schneider sinn dobäi nëmmen zwee Beispiller, déi duerch den Här Weidig, wuelgemierkt engem Deputéierten an domat engem Representante vum Lëtzebuerger Vollek (wa mer an der Sprooch vum ADR bleiwen), ëffentlech diskriminéiert goufen. Do froen ech mech, wat seng Partei, déi sech oft genuch als eenzeg Patriote vum Land stiliséieren, ënnert Lëtzebuerger Vollek versteet. Gehéiert do all Mënsch dozou oder nëmmen déi hinnen a Bild passen (eventuell kann den Här Keup op sengem Facebook-Kanal dozou ee Statement ofginn)?

Mee ech well lo keng al Wonnen oprappen, dat brauch ech och net. Den Här Weidig liwwert genuch Content. Domat ech keng ganz Bibel schreiwe muss, konzentréieren ech mech op säi Facebook-Post vum 21. Januar, deen no der Ernennung vum Donald Trump als neien US-President verfaasst huet.

De Post fänkt mat enger Prophezeiung un : 2025 ass „Enn vum Wokeness-Wahnsinn an aneren wierklechkeetsfriemen Ideologien“. Ofgesinn dovun, dass ech dem Här Weidig proposéieren géif Lotto ze spillen, do en anscheinend alles schonn virausgesäit bevir et geschitt, hätt ech em och geroden, mei Definitiounen ze notzen, wat genee en domat mengt. De Post fiert nämlech weider mat bestëmmten Exekutivuerderen vum Donald Trump, déi den Här Weidig fir seng Community passend zesummegefaasst. Sou géif et laut him ënnert anerem „Keng Gender-ideologie beim Staat“ mei ginn a „Kanner gi geschützt virun Trans-Indoktrinéierung.“

De Lien, deen hei gezunn gëtt, seet domat, dass de Trump mat senge Mesuren dëst Prophezeiung vum Här Weidig erfëllt. Domat verstinn ech och endlech, wisou den ADRenalin den Elon Musk a Chamber aluede wëll. Lëtzebuerg soll, wa mer an der Sprooch vun Extremiste bleiwen, ee Vasal vun der USA ginn, fir dëst Pläng och bei eis ëmzesetzen. Oder war et net Russland, ugedriwwe vum Fernand Kartheiser als ale Putin-Versteher? Ach egal, haaptsach iergendeen, dee Lëtzebuerg rëm männlech a staark meescht, oder Här Weidig?

Lëtzebuerg ass iwwregens scho verluer, Zitat Tom Weidig: „Eis Regierung, CSV an DP, mee och d’LSAP an déi Gréng si KOMPLETT politesch isoliéiert, souwuel an den USA wéi och an Europa“. Ob dëst Ausso hätt ech zwou Froen: Wou kann ech meng Euro-Schäiner géint Trump-Coins ëmtauschen a wat genee mëscht dann de Fernand Kartheiser de ganzen Dag, do en no der Ausso guer näischt am EU-Parlament maache kann.  Ech duecht, e setzt sech do fir Lëtzebuerger Sprooch an, dat krut ech dach vun Iech versprach?

Den Här Weidig nennt dann nach aner Punkten, déi e gutt fënnt wei „Keng Oppen Grenze méi“ (ech kann also net mei op Tréier akafen goen a weie Persoun wäert a Zukunft mäin Amazon-Pack liwweren…) oder „Erneierbar Energie nëmme wat e Sënn mécht“. Am Film „Er ist wieder da“ huet de gudden ale Kommunist Hitler (wei mer rezent geleiert hunn, war den Här lénks) déi Gréng och gutt fonnt, dowéinst iwwerrascht mech des Ausso vum Här Weidig als Elon-Musk-Fanboy, do en dach grad nach sot, dass déi Gréng mat verantwortlech fir déi schlëmm Situatioun vun eisem gréng-lénk-woken Lëtzebuerg sinn. Ech entschëllegen mech direkt fir dës provokant Ausso: ech wollt eng Kéier bewosst Saachen aus dem Kontext räissen, domat ech besser dem Här Weidig seng Virgoensweis beim Erstellen vu sengem Posts verstoe kann.

Esou hält de Post dann och passend op: „D’ADR ass an der politescher Mëtt souwuel an Europa wéi an den USA!“ Ofgesinn dovun, dass mer grad nach geleiert hunn, isoléiert ze sinn an no der Logik d‘ADR dann och, bewonneren ech den Här Weidig fir säin Courage.  Hien ass ech sech net se schued, sech a seng Partei an Zentrum vun eiser Gesellschaft ze stellen a Lëtzebuerg un auslännesch „Spëtzen-Politiker“ ze verkafen. Nëmmen blöd, dass an dëser gewënschter Gesellschaft all déi Leit net wëllkomme sinn, déi net an den Här Weidig säin Weltbild passen. Kréien ech wéinstens eng Platz, Här Anti-Patriot?