Juegd, déi Zweet

Den Artikel „Juegd déi Éischt“ huet Interessantes bewierkt, och wann et net wierklech Konstruktiv ass. Als éischt ass den Auteur awer frou, dass den Artikel beim gréisste Presseacteur publizéiert gouf, wuel wessend dass en net ganz kleng war. Déi gréisst Dageszeitung huet den Artikel nämlech wéinst der Gréisst net gedréckt. Wat een um Pabeier jo nach verstoe kann, ass fir den Internet net wierklech nozevollzéien. Cocasse gëtt et dann awer wann een ob en Artikel iergendwéi leidenschaftlech reagéiert, deem seng Publikatioun ee refuséiert huet.
Do gëtt da festgehalen dass den Ofschoss vu Wëllschwäin zu Rëmerschen net all ze vill bréngt, well d‘Schwäin da vu baussen erëm eran zeien – absolut evident. Dann gëtt et als Versuch duer gestallt, wat et jo wuel och schéngt ze sinn – et ass probéieren, net Wëssen. Awer dat „Gespills“ huet de Legislateur am Naturschutzgesetz net virgesinn. A scho guer net, dass onbedarften an onerfuere Läit aus ideologesche Grënn mat der Natur kenne „spillen“ an se méiglecherweis a grouss Gefor bréngen. Fakt ass: et gëtt säit Joren net gejot an dat huet wuel massiv negativ Konsequenzen, dat ganz ënnert dem Deckmäntelche vum Naturschutz. Ironescherweis ass d‘Natur wuel awer d‘Haaptaffer. Iwwregens ass den Haff Réimech eng Plaz, déi sech am Fong ganz gutt eegent, fir d‘Juegd op Schwaarzwëld, wann een dann eeben iwwert e puer Lousen ewech jot. Nach eppes, ob der Juegd gëtt net „erschossen“, dat ass beim Stalin esou; ob der Juegd gëtt „geschossen“, „erlegt“ oder „gejagd“.
E weideren Artikel erkläert da wei fein, flott a gemittlech déi Falen/Gatteren am Naturschutzgebitt sinn an trotzdeem awer iergendwéi d‘Léisung net sinn. Fakt ass, et gëtt eng legal Obligatioun ze joen. Am Haff Réimech ka gejot ginn an esouguer ganz effikass wann ee mat de Noper géif zesumme joen. D‘Ausnam „Fal“ ass am Gesetz net virgesi fir als Ersatz zur Juegd ze dengen.
Dann gëtt et nach eng aner Reaktioun, déi geet awer éischter an d‘Richtung „eesäiteg“. Do kennt en Här zu Wuert dee wier en „Vorsitzender eines nordrhein-westfälischen Jagdverbandes“. Dat ass esou net ganz falsch, mee et gëtt eppes suggéreiert wat net ass. Den Här ass President vum „Ökologischer Jagdverein NRW“, en Deel vun engem Verband mat national 3.447 Membere (2022, Wikipedia) (Deutscher Jagdverband - 268.195 Memberen-2024). An deem Bundesland gëtt och nach e richtege Juegdverband, nämlech den „Landesjagdverband Nordrhein-Westfalen“ – em 65.000 Memberen. (NRW huet em 94.000 Jeeër) Deen also net grad esou eminenten Acteur gëtt dann z.B. vun sech: „Im ersten Jahr erwartet Heute (Vorsitzender) von „seinen“ Jägern eine Strecke von 20 Rehen pro 100 Hektar Wald, dreimal so viel, wie in einigen der nordrhein-westfälischen Reviere zuvor geschossen wurden. “ Wann een dat op 3.600ha zesummenhängende Bësch op Lëtzebuerg ëmleet, missten do haut 720 Réi gejot ginn. Laut dem Här wier dat virdrun (bei eis dann 252 Réi), bei wäitem net genuch.
Esou Aussoe sinn dann awer ganz geféierlech wann een se nëmmen an ausschliisslechiwwert d‘Grenz aleng kucke geet.
T. Gillen