Juegd, déi Drëtt

No den Artikelen iwwert d'Juegd muss ee feststellen dass och „Juegd, déi Zweet“ et leider net an déi gréisst Dageszeitung gepackt huet.
Als Éischt sief dem Minister Wilmes awer e ganz grousse Merci gesot dass hien d‘Konventioun mat der Jeeërfederatioun ugepasst huet. An och der Regierung Merci fir de kale Kapp an déi professionell Decisioun, well et si jo méi Minister concernéiert. Dat ass richteg esou well et kann ee jo net soen et misst méi oder esouguer vill méi gejot ginn an et stellt een sech dann net hannert deen, deen dat da soll maachen. Et gëtt nämlech a sech nëmmen ee Wee fir Juegd ze maachen, awer ënnert zwee Systemer. D‘Juegd wéi mir se kennen, an déi „staatlech organiséiert Juegd“. Bei där Enger bréngen d‘Jeeër d‘Käschten op, bei där Anerer de Steierzueler. Den Oflaf ass a sech am Prinzip dee selwechten, och wann e puer Leit mat ganz vill Opwand probéieren ze erklären si géifen eppes Aneres maachen. Et gëtt Bewegungsjuegd an Usetzjuegd an do ass wann se richteg gemaach ass, net esou vill anescht ze maachen. „Pirschen“ also d‘“chasse à l'approche" gëtt hei net esou vill praktizéiert. Um Enn vun deem Ganze gëtt et ëmmer eng Streck an de Wee dohin ass och net anescht.
Et gëtt awer nach Ënnerscheeder. D‘Jeeër bezuelen all Joer e Juegdschäin deen aktuell 230€ kascht. 209€ ginn an de „fonds spécial d’indemnisation des dégâts causés par le gibier“, 21€ sinn en „timbre de chancellerie“. Et fënnt een et zwar just am legalen Text, mee et ass awer ganz kloer dass d‘Jeeër de Wëldschued bezuelen. Bis zu 4€ / ha iwwert de Fonds, soss de Piechter. Dëst gëllt fir dat Wëld wat bejot gëtt. Fir de Schued deen de Wollef z.B. mécht, sinn d‘Jeeër jo awer wierklech net concernéiert. Dat gëllt also fir all déi Aarten op déi et keng Juegd gëtt, do bezillt de Stat de Schued. Et ass also en ganz solidareschen, quasi sozialistesche Modell, well all Jeeër, Piechter oder net, participéiert um Wëldschued. Alleguer. Neen net alleguer, fir der „Permis chasse de service“ bezilt de Stat logescherweis sech selwer keng Taxe, mee e participéiert och net am „Fonds fir de Wëldschued“. Iwwer d‘Jore gekuckt gëtt dat eng ganz grouss Zomm déi do feelt.
Wei gesot d‘Jeeërfederatioun ze ënnerstëtzen ass richteg, well aktuell bezuelen d‘Memberen en Deel vun där viller Aarbecht déi do geleescht gëtt. An och ass et an der Federatioun esou dass dee konventionéierte Mataarbechter, net am Comité ass, do natierlech dann och keng essentiel Funktioun (President, Sekretär, Caissier, … ) huet, hien net stëmmberechtegt ass, a just déi bénévol Memberen d‘Associatioun leeden a bedreiwen. De Mataarbechter bleift dowéinst trotzdeem absolut onersetzlech.
Déi Konventioun ass an deem Sënn och e bëssen eenzegaarteg, well se quasi explizit am Budget steet. Vun aneren Asbl‘en, déi wierklech vill Leit beschäftegen, ass esou eng Informatioun quasi net ze fannen. Interessant wier z.B. eng Lëscht mat all deenen Leit am Land déi ënnert iergend eng Form vu Konventioun falen.