De neie Bundeskanzler Friedrich Merz huet rezent a senger Ried behaapt, et misst méi geschafft ginn. D’Konzept vun enger Work-Life-Balance ass him en Dar am A, an eng Iddi wéi d’Véier-Deeg-Woch fënnt hien absurd. Wann et no him géif goen, géif den Rentenalter op 70 Joer eropgesat ginn. Seng Meenung: Nëmme mat méi Leeschtung komme mir virun! Och den "neien" Luc beweegt sech, souwuel mënschlech wéi ideologesch, an der selwechter Schinn wéi de Multimillionär Merz: méi laang schaffen, méi Geld maachen, méi leeschten. CSV an CDU sinn halt „Brüder im Geiste“.

Déi Ried vum Merz, an de ganze Gedankegank, dass ëmmer méi op der Aarbecht geleescht muss ginn, ass an der Realitéit awer - an hei gett et kontraintuitiv - absolut leeschtungsfeindlech! An zwar aus dem einfache Grond dass Leeschtungen ausserhalb vun der bezuelter Schaffzäit ausgeblent ginn! Ween fräi huet, dee läit net just doheem um Canapé a faulenzt! Dat ass ee Bild, wat aus de Käpp vun deene Politiker eraus muss! Fräizäit, dat ass déi Zäit wou Kanner erzu ginn, krank Leit gepfleegt ginn, sech a Veräiner engagéiert a Kultur geschaf gëtt, wou Ideen entwéckelt an eventuell Projeten, Start-Ups a Minientreprisen lancéiert ginn. Dat ass alles Leeschtung! An dës Zort Leeschtung kënnt an eiser Gesellschaft ëmmer méi kuerz.

D’Grondidee, dass all Mënsch soll probéieren säi Bescht ze ginn, ass net falsch. Mee wéi sou oft ass gutt gemengt net gläich gutt gemaach. Wat ass iwwerhaapt "Leeschtung"? Wat gëtt gesellschaftlech gefërdert?

Genau bei dëser Fro gëtt et däitlech, wéi wäit eis Wäertvirstellungen sech vun enger nohalteger Realitéit ewechbeweegt hunn. Kucke mer op de Friedrich Merz: Hien huet 2010 am Optrag vum Bankrettungsfong Soffin d’Vente vun der WestLB begleet an dobäi 5.000 Euro den Dag kritt – och Samschdes a Sonndes. Am Ganzen huet hien an 396 Deeg ronn 2 Milliounen Euro verdéngt. Ass dat déi Leeschtung, déi mir fërderen wëllen? Wann ee Politiker mat enger Niewebeschäftegung an engem Joer mei Suën kritt wei Leit, déi am Sozialberäich wichteg Aarbecht maan, an hirem ganze Liewe kréien, hu mer da wierklech déi richtëg Leeschtung gefërdert?
Oder: Ee Mënsch, dee vill Immobilien huet an dovun lieft, ouni aktiv ze schaffen – gëllt deen als Leeschtungsträger? Een, deen duerch Spekulatiounen mat Krypto-Währungen finanziell onofhängeg ginn ass – ass deen en Idol?  Wann ee genuch Geld ierft oder am Lotto gewënnt fir net mei schaffen ze mussen an dann eben net mei schaffe geet, dann ass dat jo awer gesellschaftlech akzeptéiert? Fir vill Leit sinn déi Zenarien erstriewenswäert, jo souguer een Ziel, dobäi ginn gläichzäiteg wichteg Aarbechten z.B. am soziale Beräich oder an der Fleeg kaum belount, weder finanziell nach gesellschaftlech. Suën hunn gett bewonnert an idoliseiert, fräiwëlleg eppes fir aanerer maan erschengt do dergeint schon bal „domm“.

D’Fuerderung no méi schaffen gëllt natierlech just fir déi, déi sech déi aner Weeër net kënnen erlaaben: déi keng Immobilien hunn, näischt geierft hunn, oder soss een Verméigen hunn. Net fir déi Politiker oder Superräich, déi selwer näischt bäidroen, mee just Fiedem zéien.

Jo, vläit kéint een ouni Problemer mei wei 40 Stonnen d’Woch schaffen … wann ee jonk a gesond ass, keng Kanner huet, kee pfleege muss oder soss iergendwellech Verpflichtungen huet. Mee vill Leit hunn aner Aufgaben, sierf et an engem Veräin, deen wichtëg fir dat soziaalt Liewen am Duerf ass, oder familiär Verpflichtungen. An och dat ass Aarbecht! Erëm d’Fro: wat genau ass Leeschtung?

Vill vun deene Leeschtungen, déi eis Gesellschaft zesummenhalen, geschéien an der Fräizäit, ouni Pai, ouni Applaus. Eng Fra déi hiert Kand eleng erzitt. Een deen an engem klenge Veräin mat Kanner Sport organiséiert. Leit déi Musek maachen, Schrëftsteller sinn, nei Iddien entwéckelen, Firme grënnen. Saachen, déi der Wirtschaft Milliarden eranbrengen! All dat brauch Zäit!  An dës „Fräizäit“ gëtt ëmmer méi rar!

Déi massiv Iwwerstimulatioun am Aarbechtsliewen féiert zu mentaler Iwwerlaaschtung: Burnout, Suizid, Stress, scheedend Koppelen, Kanner déi an der Schoul net méi nokommen. Mir sinn an enger Gesellschaft, déi d’Leeschtung op der Aarbecht iwwer all aner Leeschtung stellt – an dat ass fatal.

D’Leit fuerderen net méi Fräizäit well se faul sinn. Si verlaangen se, well se d’Kontroll iwwer hiert Liewen an hir Kanner verléieren! Si mussen zu zwee schaffen, hunn keng Zäit méi fir Bezéiungen, Kanner, Engagementer oder soss Verbindlechkeeten. A wéi soll eng Demokratie nach funktionéieren, wann déi wéineg Zäit, déi bleift, net méi genuch ass fir sech iwwer gesellschaftlech Froen z’informéieren? Och vläit een vun de Grënn, wisou politesch Raatefänger emmer mei Zoulaf kreien?

D’Ried vum Merz géint déi Véier-Deeg-Woch ass besonnesch problematesch, well de Modell funktionéiert – an zwar mat Produktivitéitsgewënn. Mee dat wëlle vill net akzeptéieren. Et sinn jo virun allem déi, déi selten haart schaffen, dei drop insistéieren, dass aner Leit nach méi solle schaffe goen.

Den Merz ignoreiert derbai och, dass an Däitschland all Joer iwwer eng Milliard Iwwerstonne geleescht ginn mee nëmmen d’Hallschent dovunner bezuelt gëtt! An vun deenen Léit well en, dass se gefällegst nach mei schaffen sollen, während hien no „haarden“ Koalitiounsverhandlungen mol fir d’Éischt eng Vakanz gebraucht huet.

D’Zukunft sollt net doranner bestoen, nach méi ze schaffen, mee besser a méi effizient ze schaffen. Fënnef Deeg à 40 Stonnen d’Woch physesch präsent sinn, seet näischt iwwer d’Leeschtung aus. Et gëtt Leit, déi an 3 Stonnen méi leeschten wéi anerer an 8. Firwat solle si trotzdem nach stonneweis hiren Dësch waarm halen?

Irgendwann dréckt eng méi laang Schaffzäit d’Leeschtung, well Feeler zouhuelen. Et gëtt kee Gewënn méi – just "diminishing returns". A wéi laang wëlle mir nach dorun festhalen? Nohaltëg ass et net.

Konservativer wéi Merz a Frieden wëllen d’Lounkäschte reduzéieren, ouni Effizienz ze verbesseren. Mee zanter dem 19. Joerhonnert ass bewisen: Wuelstand kënnt net duerch méi schaffen, mee duerch méi intelligent an effizient schaffen. Kuerz Aarbechtszäiten an héich Léin féieren zu Innovatioun a Produktivitéit. Et gëtt just net ëmgesat – well déi, déi d’Muecht hunn, déi Pisten blockéieren.
Wat mir brauchen, ass méi Fräizäit an eng nei Definitioun vu Leeschtung. Work-Life-Balance bedeit net manner Leeschtung, mee aner Leeschtungen unerkennen: Kanner erzeihen, Kranker pfleegen, Iddien entwéckelen. Dat alles gehéiert op d’Säit vum "Work", net "Life". Keen huet bis elo geschwat vum Kachen, Haushalt oder administrativer Aarbecht doheem, mee och dat gehéiert dozou. A wa mir dat endlech als Leeschtung verstoen, da gesi mir: déi Säit (Work) vun der Balance huet längst d’Iwwerhand geholl!

Et gëtt ëmmer méi Zäit a Suen gebraucht, fir einfach nëmmen iwwerliewen ze kënnen: Laang Trajeten, iwwerfuerdert Infrastrukturen, feelend Zäit fir déi wichteg Saachen am Liewen. D’Viraussetzungen fir nach méi Zäit op der Aarbecht ze verbréngen, si bei de meeschte Leit einfach net do.

Et ass Zäit, déi Realitéit unzëerkennen. Och, an vlait souguer besonnesch, am Hibléck op eng Pensiounsreform. An der Belge an a Frankräich schaffen se keng 40 Stonnen d‘Woch an a Frankräich ass den gesetzlechen Rentenalter och mei nidderëg ewei eisen. Dofir d’Fro: Schaffen mer net schon genuch, „CEO“ Luc? Den gréissten PIB op der Welt ass schliesslech net einfach sou vum Himmel gefall…
Grouss Konzerner maachen ee Rekordbenefiss no dem aneren, dei räichsten Léit op der Welt sinn sou absurd räich ass et bal net méi a Wieder ze faassen ass. Gläichzäiteg schaffe vill Betriber haut mat manner Asaz vill méi effizient wéi nach virun e puer Joerzéngten. An där Konstellatioun ass et net nëmmen legitim, mee dringend néideg, dass dei „kléng“ Employeën endlech e gerecht Stéck vum Kuch oofkréien, an net nëmmen d’Grimmelen!

Et geet hei net just ëm Suen. Et geet dorëms, de Leit op enger mënschlecher Basis entgéintzekommen, hinnen méi Zäit, méi Flexibilitéit an eng besser Liewensqualitéit ze erméiglechen. Wann dat net geschitt, da brauche sech weder Politiker nach Patronen ze wonneren, wann ëmmer méi Mënschen sech vum klassesche Modell vun der „Karriär“ ofdréinen. „Quiet Quitting“ ass nämlech keen Zeechen vu Faulheet, mee eng Reaktioun op dauerhafte Mëssbrauch vun Engagement ouni Reciprocitéit. Keen Merci, ëmmer méi Drock, an e Privatliewen, dat ënnert d’Rieder kënnt – dat mécht kee méi mat.

Mee esoulaang wéi eng CSV oder an Daitschland eben eng CDU/CSU, mat hirer konservativer Aarbechtsmoral an reckstännegen Weltbiller, weider den Toun ugëtt, wäerten esou noutwenneg Ännerungen kaum kommen, am Geigendeel, et verschlechtert sech nach mei. A wann déi Partei bei den nächsten Wahlen net kloer ofgestrooft gëtt, da muss een éierlech soen, hunn mer et och net besser verdéngt!

Sacha Galgon