Eise Jong ass 19 Joer al a schwéierst geeschteg behënnert. Zënter senger Gebuert brauch Hien ronderëm d’Auer eis Hëllef, Dag an Nuecht, ouni Paus an ouni Vakanz.

Wat dës Situatioun nach méi schwéier mécht, ass déi sozial Isolatioun, déi domat verbonnen ass.
 
Mat der Volljäregkeet verschwent dann och nach, wat engem wärend der Schoulzäit nach e bëssen Halt ginn hat, besonnesch de Centre du Jour vu Samsdes, deen eenzegen Dag, wou ee sech als Famill e Moment konnt erlaben ze ootmen.

Mee och dës kleng Auszäit gouf leider oft iwwerdeckt vu Middegkeet oder dem Reparéiere vu Saachen, déi de Junior wärend der Woch sou futti gemaach hat. Mee ëmmerhin hate mir déi puer Stonnen.
 
Wat ech domat wëll soen: Et gëtt kaum strukturell Entlaaschtung fir Familljen an eiser Situatioun. Och wann eise Jong wochendaags an engem Atelier ass, ass hien Nomëttes an och Weekender doheem. Mir ginn ëmmer méi al, an déi konstant Dauerbelaaschtung féiert zu kierperlechen a psychesche Problemer. Eng realistesch Zukunftsperspektiv gëtt et net an dat mécht d'Situatioun nach méi ustrengend.
 
Vill Elteren an eiser Situatioun hu guer keng Kraaft méi, hir Stëmm ze erhiewen. Dowéinst schreiwen ech dëse Lieserbréif mat enger konkreter Iddi, well och wa mir eng Minoritéit an der Minoritéit sinn, wëlle mir gehéiert ginn.
 
An dëser Zäit gëtt iwwer eng Rentereform diskutéiert, mat dem Zil, dass mir all méi laang solle schaffen. Fir eis ass dat en Hohn. Mir hu laang genuch geschafft, all déi Joren ouni Loun, ouni Unerkennung. Nieft eiser normaler Aarbecht hu mir eng zweet, oft drëtt Schicht doheem. Mir schaffe 24/7 als Fleegepersonal, Botzpersonal a Betreier.  Dat gëtt vun der Politik einfach als selbstverständlech geholl, well „mir si jo do“.  Elo, no bal 20 Joer, ouni vill Schlof, mat permanentem Krisemanagement a bis Haut Wëndele wiesselen, si mir definitiv méi wéi just „do“.
 
Meng konkret Propos un Politik ass, Fréipensionéierung ab dem Alter vun 55 Joer, fir déi zwee Elterendeeler, déi hiert Liewen der Betreiung vun enger schwéier behënnerter Persoun gewidmet hunn, ouni finanziell Verloschter. Net als Privileeg, mee als Unerkennung a Respekt, well mir hunn eis dës Situatioun net rausgesicht. Eventuell hu mir dann och genuch Kraaft dës Betreiung esou laang ewéi méiglech selwer ze iwwerhuelen.  An dëser Situatioun, ass Zäit fir sech ze hunn,  mei wäert wéi Gold.
 
Wei ee gesäit hunn ech jo net nëmmen ob e Problem higewisen, mee och scho mol eng Iddi mat ob de Wee ginn.

Wa Lëtzebuerg wierklech sozial wëll sinn, da muss et och eis Situatioun gesinn. Mir bieden d’Politik: Gitt eis eng Chance. Hëlleft eis. Maacht eppes, ier et wierklech ze spéit ass.
 
Merci.
Alain Mauer