An deene leschte Wochen a Méint si ganz konstruktiv Approchen an Iddien, an awer och méi polemesch a wéineg konstruktiv Diskussioune betreffend déi geplangte Reform vun eisem Pensiounssystem ze gesinn.
Datt et elo héich Zäit gëtt dës Reform unzegoen ass, besonnesch bei verschiddene Gewerkschaften, nach net ukomm. Hei ass an deene leschte Méint bei hinnen dach eng Zort ‘Vogel Strauss’ Politik gemaach ginn. Awer och eis Regierung deet sech deelweis schwéier hei eng kohärent Linn ze fannen. Lo schéngt awer dëst op engem méi zilbewosstere Wee ze sinn. Dat wäerte mir dann am Hierscht gesinn.

Eisen aktuelle Pensiounssystem baséiert op engem Generatioune Vertrag, wou déi schaffend Leit mat hire Cotisatiounen de Leit an der Pensioun hiert Akommes garantéieren. Dat war an deene leschten 80 Joer eng formidabel Saach, an huet vill dozou bäigedroen eng Generatioun iwwergräifend sozial Gerechtegkeet ze erméiglechen. Dëse System ass elo net méi méiglech, well mir ëmmer méi Mënschen an der Pensioun hunn, an ëmmer manner Mënschen déi mat hirem Akommes dëst finanzéieren. Mir mussen also den aktuelle System reforméieren an deelweis ewech komme vun dem Generatioune Vertrag hin zu engem mix aus deem aktuelle System mat enger méi individueller Approche.

Vu verschiddene Säite gëtt proposéiert hei just op der Akommes Säit ze agéieren an deem nei ‘Recetten’ erschloss ginn. Dat muss een effektiv och a Betruecht zéien, wéi z.b. eng moderat a stufeweis Erhéijung vun dem ‘Taux de cotisation’. Aner Propose lafen haaptsächlech dorop eraus nei Forme vu Steieren ze schafen, wat ech perséinlech ganz kritesch gesinn. Oder och nach den Deckel opzehiewe vun dem maximale cotisabelen Akommes. Dat ass och keng praktikabel Approche, well heimadder d’Depensen a Form vu méi héije Pensiounen domat entstinn. Awer de Staat muss och higoen an all déi ‘Pensiounen’ déi garantéiert ginn, an déi net exklusiv duerch d’Cotisatiounen ofgedeckt sinn, iwwert de Staatsbudget ze finanzéieren. Hei  z.b. d’Mindestpensioun, déi op den Niveau vum soziale Mindestloun eropgesat misst ginn.

Bei den ‘Depensen’ muss och gehandelt ginn. D’Method vun der Berechnung vun de Pensioune wier eng Pist. Virgesinn ass jo schonn d’Primm vun Enn des Joers ofzeschafen, respektiv déi automatesch Upassung un d’Gehälter Entwécklung ze reduzéieren.

Och de Mindestpensiounsalter muss lues awer sécher erhéicht ginn. Dëst z.b. duerch eng juristesch ofgeséchert Approche fir stufeweis a Pensioun ze goen, mat deelweis schaffen an deelweis Pensioun kréien. All Reform Usätz bedeite leider och eng Verschlechterung par Rapport zum aktuelle System, deem muss een sech bewosst sinn. Hei wier et fatal, wann een dat net kloer kommunikéiert an erkläert.
Den 2ten an 3te Pilier mussen och gestäerkt ginn och wann hei net jiddereen dovu profitéiere kann. Dëst ass faktesch keng Zousazpensioun, mee éischter eng ‘Reserve’ fir säi Liewensstandard an der Pensioun ze erhalen.

BODEN Jean
Gonnereng