D'Carte blanche vum Robert WeberSchaffe fir ze liewen oder schaffe fir ze iwwerliewen?

Robert Weber
De fréieren LCGB-President an Deputéierte beschäftegt sech mat der Aarbecht. Mir kennen all, wat schaffen heescht. Déi eng maachen et gären, déi aner net. Dobäi bestëmmt Schaffen eist ganzt Liewen. Alles muss sech der Aarbecht ënneruerdnen.
© RTL

Ech wollt als Gewerkschaftler mol d’Fro stellen: Wat ass eigentlech "Aarbecht“?

Hei eriwwer ginn et ganz ënnerschiddlech Iwwerleeungen. Allgemeng kéint ee soen, "Aarbecht“ bedeit all Aktivitéit, déi eng Ustrengung oder déi eng Konzentratioun physescher oder intellektueller Natur wärend enger längerer Zéit bedéngt.

Awer "Aarbecht" ass och enk mat Bedürfnisser verbonnen.

Wa mer 150 Joer a méi zréckkucken, da war "Aarbecht" zu dëser Zéit verbonne mat Iwwerliewen. (Fir vill Deeler op eiser haiteger Welt gëllt dat haut nach ëmmer.)

Mat dem Opkomme vun den industrielle Gesellschaften an domat dem Primat vun der Wirtschaft huet sech dës Situatioun lues a lues geännert. D’Aarbecht huet déi sozial Zesummenhäng an der Gesellschaft gefërdert an och déi sozial Integratioun.

Eng Rei Wëssenschaftler hunn am 19. Joerhonnert philosophéiert, dass d’Aarbecht e Moyen ass, fir ganz allgemeng Räichtum ze schafen. D‘Hanna Arendt vergläicht Aarbecht esouguer mat Liewe schafen.

Den Adam Smith schwätzt kloer vun enger "Valeur d’usage" an enger "Valeur d’échange“, also vun enger Wuer.

De Karl Marx reduzéiert a senger Kritik vun der Wirtschaft d’Aarbecht als eng reng Wuer.

Haut wësse mer, dass Aarbecht, Wuesstem a Ressourcëverbrauch enk zesummenhänken.

Mir liewen also an engem Däiwelskrees vun Aarbecht a Konsum.

Haut brauch de Mënsch Aarbecht, fir Geld ze verdéngen, fir sech iwwerhaapt versuergen ze kënnen, fir en Zougang zu Sozialleeschtungen ze kréien.

Méi wéi jee formt d’Aarbecht haut och déi sozial Identitéit vun de Mënschen.

Wien eng gutt bezuelten Aarbecht huet, steet uewen op der gesellschaftlecher Leeder. Deen, dee keng Aarbecht huet, steet ganz ënnen.

Keng Aarbecht ze hunn, mécht Mënschen zu Aussenseiter. Wéi oft stigmatiséiere mir Mënschen ouni Aarbecht zu faule Mënschen.

Arbeitgeber a Gewerkschafte vertriede bekanntlech ënnerschiddlech Interessen. Si sinn awer allen zwee vun der Wichtegkeet vun der Aarbecht iwwerzeegt.

De grousse Broch an der sozialer Entwécklung koum 1891 wéi den deemolege Poopst Léo XIII. seng Sozialenzyklika "Rerum Novarum" verëffentlecht huet. Dëst Schreiwes war de Versuch vun der kathoulescher Kierch, fir déi deemoleg marxistesch-sozialistesch-revolutionär Léisungen zu der grousser sozialer Fro vum 19. Joerhonnert géigenzesteieren. Dës Sozialenzyklika war awer och eng Unerkennung vun de skandaléisen Zoustänn zu dëser Zäit. Et huet missten ëmgeduecht ginn. Des sozial Iddien hunn hire Wee gemaach.

Bal 100 Joer méi spéit huet den deemolege Poopst Jean-Paul II. am Joer 1981 eng Sozialenzyklika "Laborem Exercens" publizéiert. Hei gëtt däitlech gesot, dass "Aarbecht" Virrang huet.

Domat ass de Stellewäert vun der Aarbecht kloer definéiert.

Net Wirtschaft ass dat Wichtegst, mee d‘ Aarbecht.

An dofir ginn och zanter méi wéi 100 Joren d’Aarbecht an d’Aarbechter geschützt!

An hoffentlech och an der Zukunft nach.

Back to Top
CIM LOGO