Commentaire vum Roy GrotzDe Patient: E Vull fir d'Kaz

Roy Grotz
D'Affär Wilmes wäert eis nach laang beschäftegen a wäert nach fir sou munch brisant Temoignagë suergen, um juristeschen, medezineschen an natierlech um politesche Plang, vue de Passé an d'Vita vum Dokter Philippe Wilmes , engem Virspriecher vun enger Medezin an hirer liberaalster a privatiséierter Form. Fir de Roy Grotz ginn et bis ewell awer nëmme Perdanten an där ganzer Affär, déi nach vill Schierbelen a Leed wäert hannerloossen.
© RTL

... Wann dat net ewell geschitt ass. A wann ech vu Perdante schwätzen, sou ginn et där op alle Säiten an op der ganzer Linn.

Virop d’Confrère vum Dokter Wilmes, déi sech net ze schued waren, d’Medie-Bazooka auszepaken an ouni vill Nodenken op alles ze schéissen, wat u Fakte vun der Press op den Dësch geluecht gi war. Mat enger Wäitsiicht, déi hires gläiche sicht, hu sech déi couragéiert, onfeelbar Medezinner an engem anonymme Schreiwes hannert hire Kolleeg gestallt a vun enger medialer Exekutioun schwadronéiert. Abee Merci, elo wësse mer op alle Fall, wéi dës anonym wäiss Gottheeten ticken, an datt se hire Club wëlle protegéieren - circulez, il n’y a rien à voir.

De Commentaire vum Roy Grotz

Perdant ass de Robert-Schuman-Grupp, deen als “stiller News-Teilhaber” iwwer Drëtter quasi huet missen informéiert ginn, datt Signalementer vun engem Dokter instruéiert ginn, deen awer an hiren OPen operéiert. Als Precautioun a Schutz vum Patient gouf dat Eenzegt richtegt gemaach: D’Handbrems gezunn an eng temporär intern Suspensioun decidéiert. Hei wäert natierlech e Prozess net op sech waarde loossen.

Weidere Perdant dann de Collège médical a vrun allem d’Aarbechtsmethodik aus dem viregte Joerhonnert a vrun allem déi antiquéiert Kommunikatioun vun deem kollegiale Gremium, dat esou reform-néideg ass, wéi en Oldtimer, dee virun der Casse muss gerett ginn. Bonne chance fir aus deem Collège e Gremium ze maachen, dee Respekt verdéngt an deem seng fondéiert Decisioune Kapp a Fouss hunn.

Klore Verléierer natierlech den Dokter Wilmes selwer, wou lo natierlech muss etabléiert ginn, op verschidden Interventiounen da wierklech onnéideg waren. An engem Schreiwes u seng Patiente seet de Medezinner, datt hie fir Verschiddener e politesche Géigner wier, dee misst aus dem Wee geraumt ginn an datt seng innovativ, modern Therapien wuel gestéiert hätten. Dat loosse mer sou stoen. Allemol stëmmt, datt den DP-Mann Wilmes mat senge kénge Pläng - rezent nach der exklusiver All-Inclusive-One-Stop-Klinik um Findel - net nëmme Frënn hat an hien zesumme mat der AMMD u sech nach ni op enger inhaltlecher Schinn mat engem Gesondheetsminister war, egal wéi eng politesch Faarf deen hat.

Gréisste Verléierer dann - an dat op laang Vue - ass de Patient, vum Ufank bis un d’Enn vun dëser Affäre an egal wat géint den Här Wilmes zeréckbehale gëtt oder eeben net. An engem Land, wou et keng adequat Kontroll vun der Qualitéit an der Pertinenz vun OPe gëtt, a wou d’medezinesch Formation Continue an der Wüst vegetéiert an net obligatoresch ass, do sinn d’Patienten dem Avis vum Dokter quasi komplett ausgeliwwert.

Kloer: All OP huet ëmmer Risken an ni ass e Succès oder eng Verbesserung vun der Gesondheetssituatioun garantéiert, mee wiem nach trauen, wann am Fall ewéi prezis dësem demonstréiert gëtt, wat zum Beispill d’anonym Wilmes-Supporter-Dokteren vun hire Clienten halen: net vill bis näischt, well ausser datt d’Press der an d’Suckel kritt, liese mer kee Wuert vun Excusen un d’concernéiert Patienten, och net vum concernéierten Orthoped iwwregens, dee sech selwer als politescht Affer duerstellt an et elo den Experte wuel oder iwwel muss iwwerloossen, iwwer seng Decisiounen ze tranchéieren: innovativ, néideg, onnéideg oder esouguer eng Mutilatioun? D’Froe si gestallt a musse beäntwert ginn.

Wat op den OP-Dëscher geschitt ass, gëtt elo dann um Pabeier gepréift. Wat d’Patiente matgemaach hunn a wéi si mat de Sequellen ze liewen hunn, interesséiert weider Keen - les risques du métier. Et steet deemno der Press extrem gutt zu Gesiicht, rapportéiert ze hunn, an zwar mat Zäiten, soss wier och dës Suspensioun via Arrêté anonyme an ënner Amigos vertraulech traitéiert an klasséiert ginn. Op der Streck bleift d’Vertrauen an Dokteren an hir Decisiounen, dat esou séier net wäert kënne retabléiert ginn. Nëmme Perdanten? Nee, ausser d’Affekoten, si sinn d’Gewënner, mee dat ass jo hiren Job.

Back to Top
CIM LOGO