De Commentaire vum Maxime GillenDem Westen deet d’Réckgrat wéi

Maxime Gillen
D‘Ukrain lieft elo scho méi wéi 4 Joer am Krich. Dat si méi wéi 1.600 Deeg. An där Zäit huet de russesche President Vladimir Putin keen eenzege glafwierdegen Effort gemaach, dee Krich erëm op en Enn ze bréngen. D‘Reaktioun aus dem Westen op dës Aggressioun war bis elo zimmlech kloer. Ma déi schéngt sech ze veränneren. E Commentaire vum Maxime Gillen.
© RTL

De Commentaire vum Maxime Gillen

1.600 Deeg Krich. Fir méi wéi 30 Millioune Leit ass dëst dee 5. Wanter ënner schwieregste Konditiounen. Honnertdausenden hunn an Tëscht hiert Liewen am Kampf verluer. An trotzdeem gesäit et nach esou bal net no engem Enn vum Krich aus.

Ma et schéngt wéi wann esou munchem Politiker am Westen d‘Zäit e bësse laang gëtt.

Bis ewell war d‘Devise, Russland muss op politeschem a wirtschaftlechem Plang an den Eck gedréckt ginn. An deen Drock muss esou grouss sinn, fir ze kompenséieren, datt d‘Ukrain militäresch den Ament net ka géint Russland gewannen. Et muss also e Friddensaccord hier. En Accord, deen esou staark ass, datt Russland ni méi op d‘Iddi kënnt ze probéieren d‘Grenze vun engem anere Land ze violéieren.

Parallel gouf et och ëmmer erëm diplomatesch Efforten, fir Russland un de Verhandlungsdësch ze kréien. An dat op allen Niveauen. D'USA ënnert dem Donald Trump hunn esou muncher Versuch gestart. Rezent ass nach den Direkter vum US-Auslandsgeheimdéngscht CIA op Moskau gereest.

Ma alles dat huet nëmme gewisen, datt Russland kee reellen Interessi u Friddensnegociatiounen huet. Au contraire ginn et ewell ëmmer méi heefeg hybrid Attacken op NATO-Territoire. Dat prominentste Beispill ass sécherlech déi arméiert Dron um Fluchhafen zu Leipzig.

Et stellt sech deemno weider d‘Fro, wéi ëmgoen mat engem komplett irrationale russesche President, mat ze vill Muecht an ouni Skrupel Millioune Bierger stierwen ze loossen fir e sënnlose Krich?

D‘USA hunn decidéiert, mat der Linn vu bis lo ze briechen an de russesche President op den nächste G20-Sommet zu Miami z'invitéieren.

D‘Europäesch Unioun fënnt, et kéint ee Sanktioune géint Russland als Negociatiounsmëttel an aneren Dossieren benotzen a seet domat indirekt, datt alles verhandelbar ass, och den europäesche Support fir d‘Ukrain.

Däitschland schéckt säin ieweschten Diplomat op New York fir en Handshake mam russeschen Ausseminister. Wouriwwer op der russescher Tëlee iwwregens duerno de Geck gemaach gouf.

Et dierft een dovun ausgoen, datt de Sergej Lawrow och viru senger Entrevue mam Johann Wadephul wousst, datt Däitschland net enchantéiert ass, iwwer arméiert russesch Dronen op sengem Territoire.

Experten erklären iwwerdeems, datt et op militäreschem Plang den Ament guer net gutt ausgesäit fir Russland an datt de Putin dowéinst am gaangen ass, de Konflikt z‘eskaléieren. Verléieren ass keng Optioun.

Firwat also elo awer erëm mat Russland schwätzen? Genau. Aner Interessie sinn an Tëscht méi wichteg ginn, wéi d‘Ënnerstëtzung vun der Ukrain. Den däitschen Ausseminister huet dat esouguer oppen zouginn. Et wier den Ament komm, fir erëm mat Russland ze schwätzen. Et dierft een d‘Negociatiounen net eleng den USA iwwerloossen. Ëmmerhin hätten Europa an Däitschland och eegen Interessen.

Zu deenen Interesse gehéieren och räsonabel Saachen, wéi de Risiko vu schlëmmen Hongersnéit am globale Süden, wann net geschwënn erëm méi Kären aus Russland an der Ukrain dohi geliwwert ginn.

Alles an allem gesäit et awer duerno aus, wéi wann d‘Ukrain u Wichtegkeet verléiert, Europa sech alt erëm splécken an domat virféiere léisst, a Russland weider maache kann, wat et wëllt.

Back to Top
CIM LOGO