
Scho virun de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt, Mecklenburg-Vorpommern a Berlin war et bal méi einfach eng Nol am Hee ze fannen, wéi Leit, déi nach hannert dem däitsche Kanzler Friederich Merz a senger Politik stinn. De leschte Weekend hunn d'Wieler hirem Frust eng däitlech Stëmm ginn – an de Kanzler huet dobäi net den Androck gemaach, datt hien de Message verstanen huet, kommentéiert d'Dany Rasqué.
Sonndegowend 18:05 Auer, déi éischt Prognose si grad eraus an zu engem Ament, wou sech soss d'Generalsekretäre virun d'Mikroe stellen, iwwerhëlt bei der CDU keen aneren dat wéi de Kanzler selwer. Hie liest eng Ried vir, déi kléngt, wéi wa se scho laang virum Waldag fäerdeg gewiescht wier – zu engem Ament, wou nach guer net ofzegesi war, wéi déif d'CDU a Mecklenburg-Vorpommern géif falen.
"En Desaster" huet de Kanzler, d'Resultater genannt an awer betount hien am selwechten Otemzuch, datt et Reforme musse ginn. Dat maach sinn, mä mat der Manéier, wéi dës Regierung hir Reformen duerchsetze wëll, sinn d'Wieler anscheinend net averstanen. De Kanzler schéngt awer net gewëllt, aus dësem Signal Konsequenzen ze zéien.
Dobäi ass de Vertrauensverloscht an déi etabléiert Parteien alarmant. Hinnen trauen d'Biergerinnen an d'Bierger anscheinend net méi zou, datt si nach amstand sinn, déi alldeeglech Problemer ze léisen a maache sech mol näischt draus, datt se eng Partei wielen, déi op d'mannst zum Deel geséchert Rietsextrem ass.
Net well all d'AFD-Wieler Nazie sinn, mä well se vun der AFD – am Contraire zu deenen anere Parteien – nach net an deem Mooss enttäuscht goufen an et erféiert, datt se dobäi kënnen driwwer ewechkucken, datt hei vun enger Partei Rieds geet, déi ganz oppen vu Remigratioun schwätzt, déi d'Europäesch Unioun, wéi mer se haut kennen, futti maachen an d'Klima an d'Energiepolitik zeréckdréine wëll. Dat Schlëmmst ass, e groussen Deel vun deene Leit, déi elo AFD gewielt hunn, hunn nach bei de leschte Walen hiert Kräiz bei der CDU oder der SPD gemaach. A Mecklenburg Vorpommern gëtt geschat, datt 32.000 Leit, déi bei der leschter Landtagswal d'CDU gewielt hunn, dës Kéier der AfD hir Stëmm ginn hunn. Domadder huet d'CDU e Véierel vun hire Stëmmen un d'AFD verluer. Bei der SPD waren et 13 Prozent an d'AFD kritt och nach déi Leit mobiliséiert, déi esou enttäuscht a frustréiert sinn, datt se iwwerhaapt net méi wiele gaange sinn.
An déi traditionell Parteien, wien erreechen déi nach?
Zum Deel mol net méi genuch Wieler, fir datt se nach am Landtag kënne bleiwen. D'SPD-Kandidatin Manuela Schwesig huet mat hirer Campagne "Die Frau gegen Blau" de Schued fir hir Partei nach konnte kleng halen, mä se huet ëffentlech geplangte Reformen aus dem Koalitiounsaccord kritiséiert a sech däitlech vun hirer Partei distanzéiert.
D'SPD huet no de Wale wësse gedoe, datt se de Kanzler net fale léisst, mä am Idealfall lauschtert se op d'Komerodin aus Mecklenburg-Vorpommern a kritt net nëmmen déi eege Leit, mä och de Kanzler iwwerzeegt, datt et ongesond ass, de Wielerwëllen z'ignoréieren a mat Fauscht aus Eisen ze regéieren, well soss sinn op eemol guer keng Wieler méi do.
Déi nächst grouss Stëmmungstester ginn et am Abrëll. Am Saarland, a Schleswig-Holstein an an Nordrhein-Westfalen, wou der AfD den Ament 17-23 Prozent virausgesot ginn. Vläicht hunn déi etabléiert Parteie bis dohinner verstanen, datt de Problem net onbedéngt bei de Wieler läit.