De Commentaire vum Roy GrotzKommunikatiouns-Kamikazen

Roy Grotz
Damp aus der Belsch an Dronen, déi warscheinlech och um belschen Territoire lancéiert gi sinn. Aktuell kënnt villes, wat eis ze schafe mécht, vun déisäits der Grenz hannert der Schleef, Huldang a Klengbetten.
© RTL

Den Ursprong vun dëse Ploen ass dat eent - d'Kommunizéieren heiriwwer an d'Ëmgoe mat der Informatioun ass dat Anert - an an där Kommunikatioun verseet d'Regierung respektiv d'Verwaltunge reegelméisseg - de Roy Grotz schwätzt vu Kamikazen an der Kommunikatioun:

De Commentaire vum Roy Grotz

An duerfir huelen ech lo minimal aus a ginn op d'laténgesch Bedeitung vum Wuert u sech an, dat aus Communicato, dem Verb communicare also matdeelen oder och an der Communautéit eppes deelen heescht - datt dës Kommunikatioun muss kohärent, transparent, éierlech a sachlech an de Fakten, iwwerpréif- a belaaschtbar sinn, weess all Journalist, all Kommunikatiounsberoder an natierlech och all Politiker.

Datt eng gutt Partie vun eise gewielte Vertrieder och op Regierungs-Level awer nëmmen eng Schéi-Wierder-Kommunikatioun beherrschen a sech bei allem, wat sech negativ kéint op hire soignéierten Image auswierken, ewech bécken, ass schappeg, onwierdeg a gehéiert ugeschwat.

Bescht Beispill d'Dampwolleken, déi et virun engem Mount aus dem Héije Venn de Wee sonndes natierlech och iwwer Lëtzebuerg gepackt haten - laang gouf et keng Kommunikatioun vun der Regierung, da carrèment eng LU-Alert mam Tuyau, d'Fënsteren dach zou ze loossen - Abee Merci - dorop wier lo sécher kee komm, mee effektiv ass de gesonde Mënscheverstand mat KI an de soziale Reseauen nëmmen nach ganz selektiv ënnert de Leit verdeelt.

Nom Damp dunn d'Dronen, déi maachen, datt e ganzt Land d'Genéck wéi huet, vum villen an den Himmel kucken an do Liichtercher an allen Faarwen detektéieren a Maschinne gesinn, déi ganz séier an ëmmer iergendwéi Direktioun Findel ënnerwee sinn.

Trotz datt no enger minimalistesch-improviséierter Pressekonferenz um Samschdeg eist Haus d'kompetent 3 Ministeren direkt e puer Mol gefrot huet, déi Deeg duerno weider Explikatiounen ze ginn respektiv ze soen, wat géint sou Dronen kann ënnerholl ginn, war et de kategoreschen Njet an et gouf op de Premier verwisen - mee och hien hat keng Loscht, sech de Froen vun eise Journalisten ze stellen, och wann de Staatsminister bei der Ouverture vun der Medien-Expo "A la recherche de la vérité" hei am Haus selwer sot, datt d'Wourecht an d'Fakten den A an den O an engem Ëmfeld vu Meenungsfräiheet an Demokratie wieren - mee net wierklech Loscht drop huet, de Leit matzedeelen, wat iwwert d'Dronen-Tëschefäll gewosst ass a wat net.

Sou kënne sech weider déi wëllste Rumeuren a Konspiratiounstheorië verbreeden - dat wat d'Lanceure vun den Dronen jo sécher wëlle provozéieren.

D'Ministèren hunn zejoert tëscht 8.000 Euro fir d'Justiz an annerhallef Millioun fir de Landwirtschaftsministère fir Kommunikatioun ausginn, woubäi d'Paie vun den Horden vu guttbezuelte PR-Leit an deene Ministèren net agerechent sinn - et freet ee sech a wat se investéiert goufen.

No LU-Alert-Blamagen huet mam Alain Becker e politescht Bauerenaffer mat der falscher Parteikaart misste goen - den héije Sécherheets-Commissaire a Beetebuerger CSV-Conseiller Bley sëtzt dogéint weider souverän am Sennenger Bunker - comprenne qui pourra.

Bis haut huet et gedauert, bis d'Ministeren ëm de Luc Frieden an d'Chamber gepilgert an duerno bei d'Mikroe vun der Press komm sinn - gëscht kruten d'Piraten an der Kommissioun keng Äntwerten op hir Dronen-Incident-Froen an hu vun enger Hannerdierpolitik geschwat - wat et och déi lescht Deeg war.

Mee an dësem Fall ersetzt dann d'kollektiv Spekulatioun d'Sachlechkeet, d'Responsabilitéit vum Eenzelen an d'Novollzéie vu faktebaséierte Regierungs-Decisiounen - an dat wäert jo sécher net gewollt sinn.

D'Ministere Frieden a Gloden schéngen deemno d'Summer-Akademie vun hirer eegener Partei geschwänzt ze hunn, wou et d'CDU-Influencerin Clara von Nathusius war, déi vermëttelt huet, wéi si pointéiert, konfrontativ mee och kritesch Messagen vehikuléiert - dat ass mat eise Politiker net dran, wëll se Kommunikatioun als Sens-unique verstinn, deen d'Walvollek soll un hiren Optrëtter op Gromperen- a Wäifester deelhuelen loossen an dokumentéiert, wéi flott et dach ass op Chamber-Missiounen an Asien, China oder soss lackelege Vakanz-Destinatiounen.

D'Leit wäerten dës Zort vu Kommunikatiouns-Kamikazen an hir zum Deel komplett debil, kannereg an idiotesch Filmescher an inzenéiert Optrëtter an Non-Messagen ze jugéiere wëssen.

Back to Top
CIM LOGO