Petzpektiv - en anere Bléck op d'WeltZe grouss fir ze fléien?

Petz Bartz
D'Fro e Freideg am Petzpektiv vum Petz Bartz mam Fränz Aulner ass, ob et Leit ginn, déi ze grouss sinn, fir virun d'Dier gesat ze ginn.
© Nelson Cheung

"Too big to fail" – d'Geschäftswelt an den USA huet eng nei Zort CEO geschaaft. Den Jensen Huang, de Kapp vum Tech-Gigant Nvidia, gouf eestëmmeg vu sengem Verwaltungsrot ofgewielt an emol keng zwou Wochen drop ass hien erëm do an de Wäert vun der Gesellschaft ass nach geklommen.

Fir d'Petzpektiv hues du der Gedanke gemaach, ob et Leit ginn, déi ze grouss si fir virun d'Dier gesat ze ginn.

Sonner Zweiwel ginn et där. Heiansdo héiert een d'Floskel "all Mënsch kéint ersat ginn", mee dat ass Brach. Verschiddener kënnen et ebe net. Zumools net am US-amerikanesche Kapitalismus, deen esou Geschäftsleit, esou Entrepreneure brauch, déi quasi de Kultstatus hunn oder kréien. John Rockefeller, Henry Ford, Bill Gates a Steve Jobs, zum Beispill. D'Lëscht ass laang.

An den Jensen Huang ass ee vun deenen?

Mat Sécherheet. Am Donstkrees vun der KI ass hien esouguer net deen Éischten.

Virun 3 Joer hat de Verwaltungsrot vun OpenAI säi CEO Sam Altman op d'Strooss gesat, well en net éierlech gewiescht wier mat sengen Direkteren. 5 Deeg drop war hien erëm do. D'Geschicht gouf deemools net groussaarteg thematiséiert.

Si war och net esou knuspreg wéi déi elo mat chineesescher Spiounin an Affaire ronderëm. An dann de moudeschen Accent, dee gesat gouf mam Retour vum Perfecto.

An elo ass KI grousst Thema am Alldag…

Absolut. An Investisseure setzen op Käpp, op Leit, op d'mannst esou vill wéi op Technologien. Den Intressi um Business an um Cours op der Bourse huet dann an engem prüden Amerika awer méi Poids wéi de vermeintleche Skandal vu Geschichte baussent dem Mariage.

An den Trump huet sech perséinlech duerfir agesat, dass den Jensen Huang zeréck kënnt.

Well e soss vu China rekrutéiert gi wier. Ouni d'Resultat vun enger Enquête ofzewaarden huet d'Wäisst Haus decidéiert, den Jensen Huang wier kee nationale Sécherheetsrisiko.

Vläicht och, well de President selwer een ass…Et weist, wéi schwaach d'Institutioune gi sinn. Huet elo den Trump den Huang an der Täsch oder awer éischter ëmgedréit?

Mir hu jo am Fong och matkritt wéi den Elon Musk mam Ofschalte vum Starlink méi Afloss huet op en Ausgank vum Ukrain-Krich wéi d'Aussepolitik vum Trump sengen Hobbydiplomate Kushner a Witkoff.

Déi ganz Geschicht ronderëm Nvidia ass eng Farce a si passt domat an d'Saison. Mir hunn Thanksgiving an Amerika. D'Schnuddelhénger ginn erëm gefëllt.

D'Traditioun wëllt, dass der allkéiers e puer derlaanscht kommen an dëst Joer war ënnert de Begnodegten eben och e CEO.

Petzpektiv Episod 2: Ze grouss fir ze fléien?

Back to Top
CIM LOGO