
Des Kéier war et mir, ewéi wann ech d’Joer, dat grad eriwwer ass, wéilt unhalen. Mir gesinn zwar scho säit enger Zäit wuer mir histeieren, an trotzdeem mengt een, dass nach Korrekture méiglech wieren, fir eis Fräiheeten ze retten. Och wann an eisem Mini-Staat Lëtzebuerg, Fräiheet nach grouss geschriwwe gëtt, esou mierkt een och hei, dass bestëmmte Wourechten, bestëmmte Fakten, net méi esou fräi kënne gesot oder geschriwwe gi, wéi dat nach virun 10 Joer de Fall war. Bezéiungsweis et schränkt een sech bei bestëmmten Theme selwer an.
Net nëmmen ass eis europäesch demokratesch Rechts- a Fräiheetsuerdnung duerch mächteg autokratesch Regimmer vu bausse bedrot, mä och vu bannen. Eis Staate sinn offensichtlech ze schwaach ginn, fir eis westlech zivilisatoresch Wäerter, déi mir aus der europäescher Opklärung geierft hunn (an net aus der Bibel!), konsequent géint Ugrëff, virun allem aus dem rietsextreme politesche Spektrum, ze verdeedegen. A „rietsextrem“ heescht hei net just radikal-nationalistesch Stréimungen, mä och fundamentalistesch-reliéis Stréimungen, deenen hir “Gesetzer“ inkompatibel si mat engem demokratesche Rechtsstaat, deen op den universelle Mënscherechter fousst.
Mat hirem naive Laisser-faire-Toleranzverständnis setzt eise politesche Leadership d’Zukunft vun eisen demokratesche Rechtsstaaten, an domat d’Zukunft vun eisen esou schwéier erkämpfte Fräiheeten, op d’Spill! Wéi huet de Philosoph Karl Popper direkt nom Enn vum Zweete Weltkrich a sengem Wierk “Die offene Gesellschaft und ihre Feinde” geschriwwen: “Uneingeschränkte Toleranz führt mit Notwendigkeit zum Verschwinden von Toleranz”.
Net nëmmen ass d’Ofleenung vun eisen humanistesche westleche Wäerter an de Gehierer vun engem Deel vun de Populatiounen an den europäeschen Demokratië physesch präsent, mä déi sougenannt “sozial Medien“, haut ënnerstëtzt vu KI, fiddere Mënschen, déi sech duerfir hierginn, kontinuéierlech mat manipulativen a falschen Informatiounen. Et brauch een nëmmen d’Kommentaren ënner faktuellen Artikelen ze liesen, da gesäit ee wéi verbreet falsch Informatioune sinn, déi awer fir d’Wourecht gehalen an als sollech virulent verdeedegt ginn.
Feinde vun der Demokratie sinn och Feinde vum Denken!
Mir liewen um Ufank vum Zäitalter vun der Post-Wourecht (Post-Truth). De Kampf em faktebaséiert Wourechten, an em d’Fräiheet, fir déi Wourechte matzedeelen, gëtt ëmmer méi hefteg, wéi mir et grad op eng dramatesch Manéier an den USA gesinn. Awer och de Kampf em d’kritescht Denken an em d‘Fräiheet, alles, ouni Aschränkung, kënnen ze hannerfroen, wäert an de Schoulen ëmmer méi hefteg gefouert ginn. Esou wéi och de Kampf, bestëmmte Matièrë kënnen onageschränkt ze enseignéieren.
Riets Demagogen hetze permanent dat sou genannt „Vollek“ géint d’"Experten”, géint déi sou genannt “Ligepress“, a méi generell géint déi sougenannt “Elitten” op. Si presentéieren sech als “Retter vum Vollek“, als Verdeedeger vum “Vollek“ géint déi béis Elitten. Eppes Änleches kann een an der radikaler Gauche beobachten, z.B. a Frankräich, just dass do en aneren Deel vum Elektorat als “Vollek” verstane gëtt.
Duerfir ginn d’politesch Demagoge generell als “Populiste” (vu populus, Vollek) bezeechent. Dat awer nëmmen esou laang, bis si un der Muecht sinn a sech eng absolutt Majoritéit am Parlament geséchert hunn. Da verwandelen se sech ganz séier an Autokraten. D’Geschicht liwwert duerfir genuch Beispiller op béiden Enner vum politesche Spektrum.
Fir un d’Muecht ze komme brauchen Demagogen an enger Demokratie eng kritesch Mass vum Elektorat, déi opgehalen huet selwer ze denken a just nach fäerdeg geliwwert “éléments de langage” noplappert. Duerfir ass de Kampf, dee grad am Gaangen ass, net just e Kampf em d’faktebaséiert Wëssen, mä och em d’selbststännegt Denken. Feinde vun der Demokratie sinn nämlech och Feinde vum Denken. Wéi huet d’Philosophin Hannah Arendt 1951 an hirem Wierk iwwer d’Originne vum Totalitarismus geschriwwen: “Der ideale Untertan totalitärer Herrschaft ist nicht der überzeugte Nazi oder engagierte Kommunist, sondern Menschen, für die der Unterschied zwischen Fakten und Fiktion, wahr und falsch, nicht länger existiert.”
Mënschen, déi selwer denken, striewen ëmmer no der Fräiheet. Duerfir gëtt an allen totalitäre Systemer d’individuellt Denken an den Austausch tëscht fräi denkende Mënschen ënnerbonnen. Medien, Verlagshaiser an elektronesch Informatiounsplattforme ginn do a Propagandainstrumenter ëmgewandelt!