
D’Präisser um nationale Wunnengsmaart an déi domat verbonne Wunnengsnout si bekanntlech en Dauerthema an eng, wann net esouguer déi éischt Suerg vun de meeschte Bierger. Verschidden Iddie, Fuerderungen an Initiative maache gutt klengen, ma sinn a Realitéit schwéier bis net ëmsetzbar. Et ass nun emol e fräie Marché an et spillen d’Reegele vun engem fräie Marché. Sécherlech maach dat nefaste Effekter hunn, ma eng ze staark Reguléierung vu staatlecher Säit, dat huet d’Vergaangenheet gewisen, ass och keng wierklech Léisung. Stattdessen awer, géifen et praktesch Moossname ginn déi ëmsetzbar wären, ma wou onverständlecherweis bis ewell kee Minister dru geet.
Beispill GLS, d’Gestion Locative Sociale. Um Site vum Logementsministère gëtt et eng Abberzuel u konventionéierten a.s.b.l.’en un déi ee kann seng Wunneng verlounen. Déi a.s.b.l.’e verlounen d’Wunneng da weider u bedürfteg Leit. De Loyer an den Entretien si garantéiert. Esou wäit, esou gutt. An awer gi vergläichsweis wéineg Wunnechten iwwert dee Wee verlount.
Nach viru kuerzem huet de Logementsminister am RTL Background säin Onverständnis ausgedréckt, datt trotz den a sengen Aen interessante Conditioune vun der GLS, vill Wunnengen net doriwwer géife verlount ginn. Gäre gëtt an dem Kontext vu politescher Säit Reklamm domat gemaach, datt ee wann een seng Immobilie iwwert dee System verlount, 90% steierlech befreit ass. Dat klengt gutt. Wéi esou oft, läit awer och hei den Däiwel am Detail. Déi 90% sinn a munche Fäll éischter symbolesch. Firwat? Déi 90% Steierbefreiung bezéien sech op de Nettogewënn, also de Benefice um Loyer. Ass d’Immobilie nach net bezuelt, huet e Proprietär net vill vun där steierlecher Moossnam. Dës Reegel riicht sech also virun allem un déi, déi keng Schold méi op enger Immobilie hunn.
Des Weideren ass et esou, datt de Loyer vun der GLS vum Staat fixéiert gëtt, an dat op eng zimmlech arbiträr Aart a Weis, déi esou gutt ewéi näischt mam Maartpräis ze dinn huet. D’Loyere sinn an de leschte Joren explodéiert, ma deem Fait dréit dem Ministère säin Tableau net Rechnung. Au contraire, et gëtt den Associatiounen esouguer recommandéiert, de Loyer éischter nach no ënne wéi no uewen ze negociéiere, woubäi muncher een awer reegelrecht genéiert ass vir dat ze maachen.
Dem Ministère säin Tableau vum Land huet ganzer zwou Regiounen: den Zentrum an de Rescht vum Land. Vir den Zentrum gëtt et maximal 12,-€ de m2 a vir de ganze Rescht vum Land 10,-€ pro Quadratmeter, onofhängeg dovun ob de Bien zu Déifferdeng oder zu Huldang ass. Et muss ee keen Expert sinn, vir ze mierken datt dat net wierklech der Realitéit entspriecht. Dobäi kënnt de Fait, datt deen Tableau iergendwann fixéiert gouf ouni Indexatioun oder soss en Upassungsmechanismus. D’Loyeren um Privatmarché gi par contre net erof an et ass illusoresch ze mengen, datt dat iergendwann wäert de Fall ze sinn. Domat geet dann och d’Schéier tëschent dem Loyer deen e Proprietär vun enger GLS-verlounter Immobilie kritt, an dem vum Privatmarché ëmmer méi wäit auserneen. Wann e Proprietär also bereet ass eppes ze maachen a säin Haus, Appartement oder Studio laangfristeg iwwert GLS ze verlounen, stéisst hie fréier oder spéider op d’Erkenntnis datt den Ënnerscheed tëschent privat a GLS net méi interessant ass.
Wann ech als Proprietär vir meng 80m2 haut de Maximum vun 800,-€ de Mount kréien, da kréien ech déi och nach an 10 Joer, a kee Cent méi – an dat trotz Inflatioun an Index, onofhängeg vun der Evolutioun um Privatmarché.Dat ass schued an ass och keng wierkleg Motivatioun vir nei Proprietären unzelackelen an iwwert GLS ze verlounen, respektiv an eng Immobilie ze investéieren an se iwwert GLS ze verlounen. D’GLS ass also virun allem eng Mesure vir Immobilien déi ofbezuelt sinn a beispillsweis Objet vun enger ierfschaftsbedéngter Indivisioun sinn, respektiv vir Leit déi aus perséinlecher Iwwerzeegung eppes géint déi iwwerdriwwe Präisser um Wunnengsmaart wëlle maachen.