
Léiw Matbiergerinnen, Leiw Matbierger,
De 5. Januar 2026 war op RTL déi Fräi politesch Tribüne FOKUS & ADR animéiert vun de Maîtres Luc Majerus an Alex Penning ze lauschteren : https://www.rtl.lu/news/fraeipolitesch-tribuenen/fokus-adr-163590510
Do geet et ënner anerem em d’Rechtsstaatlechkeet, de freien Accès zu der Justiz fir de Bierger ouni finanziell oder administrativ Barriären. Och geet et em de Schutz vum Privatbesëtz duerch déi presuméiert letzebuerger Rechtsstaatlechkeet.
Wat heescht dat elo konkret ? Dat sief hei un engem Beispill illustréiert.
Rechtsstaatlechkeet … also wann all Gesetzer an ëffentlech Prozeduren vu Säiten der Gemeng an de staatlechen Autoritéiten respektéiert an agehalen goufen; des juristesch Demarchen (z. B. bei der Planifikatioun an der Emsätzung vun enger neier Maison Relais) de staatsrechtlechen Normen no, dem Bierger transparent an onkomplizéiert kommunizéiert goufen, esou dass hien (zwangsleefeg schonn am Virfeld informéiert a consultéiert) sech konnt kontrovers während enger Biergerinformatiounssetzung eng Meenung dozou bilden an ofschätze konnt.
a) ob de neie Bauprojet mat dem Interesse vun der Allgemengheet a besonnesch mat den direkt concernéierten Awunner, esou ewéi am Besonneschen mat dem Kannerrecht am Aklang ass,
b) a wat ongeféier mat de Steiergelder geschéie soll.
Bevir hien eventuell eng Reklamatioun areecht op déi hien an engem Délai raisonnable point par point geäntwert kritt ouni en Euro mussen dofir auszeginn ...
Dann dierft also dem Bierger, sengem Privatbesëtz a senger Privatsphär - geschützt duerch de vernënftege STAAT den sech selwer am Fokus huet - kee Schued entstoen esou dass hien net mei weess wei hien seng Interressen verteidegen soll.
As dat net de Fall dann huet logescherweis d’Rechtsstaatlechkeet versot well z. B. am Virfeld just Privatinteressen als Parameter fir esou e Projet abezunn goufen. Dëst kënnen Interessen sinn vun der Gemeng (oder de Gemengenautoriteiten !) oder vun enger professionneller Lobby oder vum Staat selwer deen den einfachsten administrative Wee sicht well z. B. Terrainen ze reklasséieren, wou kengem e wierklechen Schued entsteet, ze opwändeg wär.
Reel Rechtsstaatlechkeet géing also am Konkreten dodra bestoen dass flagrant Ongerechtegkeeten erkannt, och besonnesch vun ëffentlecher Säit couragéis benannt an aus dem Wee geraumt ginn, virun Allem wa Staat a Gemengen Optraggeber sinn ewéi am uewegenannten Beispill, oder soss engem Bauprojet oder Gemengeninitiativ, déi de Bierger einfach virun d’Nues gesat krit a gefällegst de Mond ze halen huet.
Mécht hien dat net, muss en aktuell gedëlleg op eng juristesch Äntwert waarden vun offizieller Säit, déi zum Ziel huet hien definitiv monddoud ze maachen ! Oder hie muss en deieren Affekot bezuelen ... wat him, esou krit hien gesot, dach näischt bréngt well ee jo bekannterweis géint eng Gemeng oder de Staat net ukënnt …
ODER?
Martine Künzer
P. S. D’Rechtstaatlechkeet verlaangt och vum Staat en effiziente Konsumenteschutz net nëmmen um Pabeier mee doduerch dass z. B. privat Baufirmen oder ëffentlech Träger musse fir déi vun hinne verursaachte Schied opzekommen a kuerzen Delaie wann d’Evidenz do ass. Dat supposéiert dass déi respektiv Kompetenzen a Responsabilitéite gekläert sinn an am Virfeld dem Bierger kommunizéiert gin. Am Fall vun engem Schued muss deen esou séier ewéi meigleg behuewen oder bezuelt ginn ouni dass eng zousätzlech Expertise noutwendeg ass déi jo meeschtens dem Geschiedegten all Hoffnung op Entschiedegung soll huelen. Assurancen sin eben deier ...
Och an deem Kontext ass de Staat gefuerdert fir nozebesseren esou dass duerch zousätzlech obligatoresch Sécherheetsmoossname Bauschied verhënnert ginn a gegebenenfalls de Privatbesëtzer duerch eng onkomplizéiert Entscheedungsprozedur Gerechtegkeet erfiirt ouni musse säi Recht anzekloen.
Hei muss onbedéngt legiferéiert gin fir dass der Victimisatioun vum Bierger duerch de Staat an dësem Kontext, ewéi och an aneren, en Enn gesat gëtt !