
Wen déi lescht Méint d’Medien verfollegt huet, deem ass wuel kaum entgaangen, dass mer all Dag mat Artikelen iwwert Krich, Arméi, Wehrpflicht an ähnlechem gefiddert ginn. Säit Méint ass dat eppes, wat mer sauer opstéisst. Wat mech awer och des öfteren verwonnert, sinn d’Kommentarer zu deem Thema. Ass et d’Angscht virun engem Krich deen d’Leit zu enger Wehrpflicht opruffen léisst? Ass et Kriegstreiberei? Oder einfach just Geschwätz, wat een villäit selwer net ganz iwwerduecht huet?
Ganz oft liesen ech, dass duerch eng Wehrpflicht eis Jugendlech endlech mol nees Disziplin a Respekt giffe léieren. Wann ech lo awer mol ganz direkt dierf sinn: wann eis Kanner a Jugendlecher réischt an der Arméi (heescht mat 18 Joër) Respekt an Disziplin sollen léieren, dann hu mir als Gesellschaft awer definitiv versot an eppes falsch gemaacht. Respekt an Dispziplin, Rücksicht huelen a Réckgrad hunn ass net eppes, wat een réischt mat 18 Joër duerch Drill léiert. Dat sinn Wäerter, oder och Tugenden, déi ee vu klengem un, am Alldag léiert: et seet een Moien an Äddi, merci a wannechgelift, et léisst een de Géigeniwwer ausschwätzen, et kënnt een pünktlech op ee Rendez-vous, et verhält een sech verantwortungsbewosst am Stroosseverkéier, et passt op déi aner mat op, et beleidegt een deen aneren net…fir just e puer Banalitéiten ze nennen. Natierlech geet alles méi wäit-mee domadder fänkt et un-doheem, an der Schoul, op der Strooss, am Sport, am Geschäft, … soit, iwwerall. Wat een méi al gëtt, wat d’Uspréch un eis a punkto Respekt an Disziplin och méi grouss ginn. Gläichzäiteg wiisst am Prinzip och eist Verständnis fir dës Wäerter an eis Matverantwortung dofir. Iergendwann ass nämlech keen méi do, deen eis seet a weist, wéi mer eis behuelen sollen-mee mir ginn zu deër Persoun, déi dës Wäerter och aktiv mat weidergëtt. Dat ass sougesinn eis ongeschriwwen moralesch Pflicht als Erwuessenen, wann mir eng Gesellschaft wëllen, wou dës Wäerter och Deel vum Zësummenliewen sinn.
Oft héiert een och d’Fuerderung, dass d’Schoul de Kanner dat bäibréngen soll. Natierlech soll an der Schoul och ee Klima vun Respekt an Disziplin herrschen. Mee och hei muss ech nach eemol betounen: dat léiert een net an engem Fach, an net just um Terrain vun der Schoul. Mee dauernd an iwwerall. Mir all mussen eisen Deel dozou bäidroen, ob mir lo Elteren sinn, Lehrpersonal, Erzéiher, Tatta, Monni, Geschwëster oder einfach just een Matbierger. Kanner léieren vill duerch Imitatioun. Wann mir eng Gesellschaft wëllen, wou mir eis mat Respekt begéinen, da mussen mir dat all Alldag och liewen. Mir mussen ee Virbild sinn – net just dovunner schwätzen oder et erkläeren, mee mir selwer mussen dat liewen. Sou huet de Michael Jackson och schonn an sengem Lidd „Man in the mirror“ gesongen.
Ech arënneren mech dooch un een Comic, deen ech virun villen Joren gesinn hunn, wou de Papp sengem Kand seet „Fais ce que je te dis, pas ce que je fais ! » Dat verbildlecht ganz gutt d’Hypocrisie vun enger Gesellschaft. Wa mir der Meenung sinn, dass eis Jonk kee Respekt a keng Disziplin méi hunn, da musse mir eis villäit mol selwer mat der Nues huelen a bei eis selwer ufänken. Wann d’Kanner net dauernd an hirem Smartphone hänke sollen, dann ass et jo schéin a gutt, wa mir lo Projetën wéi „screen life balance“ lancéieren an en Handyverbuet an der Schoul aféieren. Mee geet et domadder duer? Musse mir Erwuessener net och mol mam Beispill virgoen an net dauerend mat eiser Nues am Handy hänken oder fir alles just nach den Chat gpt froen? Well jo, dat sinn net just „eis Jonk“ … dat maachen déi Erwuessen genau esou.Wichteg wier et, och mol nees selwer ze denken, Eegenverantwortung iwwerhuelen, Stellung huelen, riicht stoen fir Prinzipiën. Mee dat wier wuel nach ee Lieserbréif fir sech wäert.
Sinn mer mol éierlech mat eis selwer: léiert een an der Arméi da wierklech Respekt? Oder ass et net éischter Gehorsam deen do geléiert gëtt? An och wat d’Disziplin ugeet, ginn et vill Manéieren wéi een déi léieren kann; zum Beispill am Sport, oder Musik, Konscht, … wann een en Ziel areechen wëll, muss een eppes dofir maachen. Dat léiert een do ganz schnell.
Wéi sot de Gandhi och schonn? „Be the change you want to see in the world!” Mir all hunn dat an der Hand.