
Villes ass an de leschte Méint a Joren iwwert dëst Fräihandelsofkommes geschriwwen a kontrovers diskutéiert ginn. Besonnesch zwou Lobbyen hu sech hei ervirgedoen. Engersäits d’Lobby vun der Landwirtschaft an d’Lobby vum Ëmwelt- a Klimaschutz. Munches, awer net alles, vun deem wat hei virbruecht ginn ass, huet Hand a Fouss, muss een och thematiséieren a sech fir seng Iwwerzeegungen asetzen. Wat een och nach kritiséiere kann, ass datt och de grousse Public net genee weess, wat fir Sécherheete fir déi verschidde Beräicher vun der Ekonomie bestinn. Hei virun allem am Beräich Gesondheet- an Ëmweltschutz, awer och betreffend den Dumping a Mënscherechtsschutz. Hei ass et néideg méi transparent an der Kommunikatioun ze sinn, besonnesch elo wou dat Ofkommes prett ass fir ënnerschriwwen ze ginn.
Wat gewosst ass, datt verschidde Mesuren an dësem Ofkommes dra si, fir déi berechtegt Suergen déi bestinn, ofzesécheren. Ob dat duergeet, wäert sech eréischt an der Zukunft erweisen, och well jo beiesou Ofkommes, all Säit Kompromësser muss agoen.
Op där anerer Säit ass et awer och esou, datt mat dësem Fräihandelsofkommes eng nei Ära fir d’EU ufänkt. Dëst no 25 Joer Verhandlungen, wat allerdéngs och schonn eng Blamage ass. Net just elo, awer besonnesch an dësen onrouegen an onsécheren Zäite, gëtt et ëmmer méi wichteg, datt d’Memberlänner vun der EU méi no beienee réckelen, an och, awer net nëmmen, am Beräich vun der Ekonomie een eenheetleche Marché konsequent op- an ausbauen. Mir brauchen hei méi Europa, méi EU, méi Integratioun, an EU Strukturen déi Biergerno sinn, fir eis Plaz op dëser Welt ze behaapten.
Dat geet och mat Hëllef vun esou Fräihandelsofkommes, déi ganz grouss Beräicher vun der Ekonomie ofdecken a vill Opportunitéiten eis offréieren. Heimat hu mir och ee begrenzten Afloss op eis Handelspartner fir eis Standarden am Beräich vu Gesondheets- an Ëmweltschutz duerchzesetzen.
Dofir ass meng Äntwert op d’Fro ob dëst Ofkommes néideg ass, ee JO. Déi laangfristeg Virdeeler fir eis, a fir déi Länner a Südamerika, iwwerweien hei. Ech fannen och, datt mir nach aner Fräihandelsofkommes brauchen, mat Partner-Länner déi dozou bereet sinn. Dëst mat kloer definéierte Standarden a Reegelen an all de betraffenen Beräicher, a mat enger Plus-value fir all d’Partner.